1975
Ausgesinn
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1971 |
1972 |
1973 |
1974 |
1975
| 1976
| 1977
| 1978
| 1979
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1975.
D'Joer 1975 huet op engem Mëttwoch ugefaangen.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]- : Verfassungsännerung a 1. JanuarSchweden, de Kinnek huet just nach representativ Aufgaben.
- 13. Februar: De Rauf Denktaş proklaméiert den Tierkesche Bundesstaat vun Zypern am Norde vun der Insel.
- 10./11. Mäerz: Éischt Reunioun vum Europäesche Conseil.
- : Bei engem Referendum iwwer d'Memberschaft an der 5. JuniEWG stëmme 67% vun de Britten dofir, dranzebleiwen.
- : De 1. AugustSchlussakt vun Helsinki gëtt ënnerschriwwen an d'KSZE gëtt gegrënnt.
- : Bei den Nationalratswalen an 5. OktoberÉisträich kritt d'SPÖ mam Bundeskanzler Bruno Kreisky déi meescht Stëmmen.
- 10. November: Am Traité vun Osimo eenege sech Italien a Jugoslawien iwwer d'Opdeelung vum fréiere Fräien Territorium Trieste.
- 20. November: Mam Doud vum Generol Franco geet eng 36-järeg Diktatur op en Enn, de Juan Carlos gëtt 2 Deeg drop Kinnek, a Spuenien nees eng Monarchie.
- 25. November: Putschversuch a Portugal.
- Zu Wien gëtt d'OPEC-Konferenz vun Terroristen iwwerfall. D'Geiselnam vun 11 Ministeren hannerléisst 3 Doudeger.
- Griicheland gëtt no engem Referendum eng demokratesch Republik.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 18. Mee: Ronn 12.000 jonk Lëtzebuerger ginn deen Dag groussjäreg well d'Gesetz den Alter fir groussjäreg ze gi vun 21 op 18 Joer erofgesat huet.
- : Et gëtt obligatoresch fir de 1. JuniSécherheetsgurt am Auto unzedoen.
- 16. September: De Gaston Thorn gëtt mat 135 vun 137 Stëmmen zum President vun der 30. UNO-Vollversammlung gewielt.
- 31. Oktober: Dat neit Gebai vum Fluchhafe Findel gëtt ageweit.
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 25. Juni: Mosambik gëtt vu Portugal onofhängeg.
- 5. Juli: Kap Verde gëtt vu Portugal onofhängeg.
- 6. Juli: D'Komoren ginn onofhängeg.
- 12. Juli: São Tomé a Príncipe gi vu Portugal onofhängeg.
- 29. Juli: Militärputsch an Nigeria, de Murtala Mohammed iwwerhëlt d'Muecht.
- 3. August: De Said Mohamed Djohar gëtt no engem Putsch neie President op de Komoren.
- 23. Oktober: Déi südafrikanesch Arméi intervenéiert am Biergerkrich an Angola wouduerch d'Positioun vum Frente Nacional de Libertação de Angola (FNLA) gestäerkt gëtt.
- : Ongeféier 350.000 6. NovemberMarokkaner besetzen déi spuenesch Kolonie West-Sahara fir de marokkaneschen Usproch op d'Regioun ze manifestéieren.
- 11. November: Angola gëtt vu Portugal onofhängeg.
- 30. November: D'Volleksrepublik Benin gëtt ausgeruff, als Nofollger vun der Republik Dahomey.
- 30. Dezember: No engem Putsch op Madagaskar proklaméiert den Didier Ratsiraka déi Demokratesch Republik Madagaskar.
- Biergerkrich an Ethiopien.
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]USA
[änneren | Quelltext änneren]Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]Asien
[änneren | Quelltext änneren]- 17. Abrëll: Phnom Penh, d'Haaptstad vum Kambodja gëtt vun de Roude Khmer ënner dem Pol Pot ageholl.
- 30. Abrëll: De Vietnamkrich geet mat der Eruewerung vu Saigon duerch déi kommunistesch Forcen op en Enn. D'Regierung vu Südvietnam kapituléiert komplett. Een Dag éischter sinn déi lescht US-Amerikaner duerch d'Operation Frequent Wind aus der Stad evakuéiert ginn.
- 16. Mee: Dat fréiert Kinnekräich Sikkim gëtt den 22. Bundesstaat vun Indien.
- 25. Juni: An Indie gëtt en nationalen Ausnamezoustand proklaméiert (bis 1977).
- 15. August: De Sheikh Mujibur Rahman a seng Famill ginn am Bangladesch ermuert.
- 8. August: An der Volleksrepublik China briechen 62 Staudämm, 231.000 Mënsche kommen ëm d'Liewen.
- 16. September: Papua-Neiguinea gëtt onofhängeg.
- 25. November: Surinam gëtt vun Holland onofhängeg.
- 2. Dezember: Am Laos stierzt d'Laotesch Revolutionär Vollekspartei d'Monarchie a rifft déi Demokratesch Volleksrepublik Laos aus. De Prënz Souphanouvong gëtt éischte Staatspresident.
- 7. Dezember: Indoneesesch Truppe besetzen Osttimor komplett. Fir d'UNO bleift Osttimor bis 2002 en „onofhängegen Territoire ënner portugisescher Verwaltung“.
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]Arabesch Weltan Noen Osten
[änneren | Quelltext änneren]- 6. Mäerz: Iran an Irak eenege sech am Ofkommes vun Algier iwwer hire gemeinsame Grenzverlaf am Schatt el-Arab. Mam Opkënnege vun dësem Ofkommes am September 1980 duerch den Irak fänkt den Éischte Golfkrich un.
- Abrëll: Ufank vum Libanesesche Biergerkrich.
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Musek
[änneren | Quelltext änneren]- 22. Mäerz: D'Grupp Teach-In gewënnt fir Holland mam Lidd Ding-a-Dong den 20. Eurovision Song Contest zu Stockholm.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]- Bau vum Assuan-Staudamm an Egypten.
- 4. Abrëll: De Bill Gates an de Paul Allen grënne Microsoft.
- 30. Mee: Déi European Space Agency (ESA) wgëtt gegrënnt.
- 11. Juli: D'Volleksrepublik China deelt mat, datt d'Terracotta-Arméi entdeckt gouf.
- 15. Juli: Mam Apollo-Sojus-Projet fänkt déi éischt gemeinsam Weltraummissioun tëscht den USA an der Sowjetunioun un. De 17. Juli begéine sech déi zwou Ekippen am All.
- 20. August: D'NASA start hir Mars-Sond Viking 1.
- 12. September: Déi alleréischt Spillkonsol, den TV Tennis Electrotennis, kënnt op de Maart.
- 18. Oktober: D'Bréck vu Saint-Nazaire geet fir de Stroosseverkéier op.
- 22. Oktober: Déi sowjetisch Raumsond Venera 9 lant op der Venus a schéckt éischt Biller vun der Uewerfläch vum Planéit.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- D'Jeunesse Esch gëtt nationale Champion am Foussball, den US Rëmeleng gewënnt d'Coupe du Luxembourg.
- 16. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976 1:2 géint Éisträich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nico Braun geschoss.[1]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d' 8. AbrëllOlympesch Summerspiller 1976 0:1 géint Holland.[2]
- 22. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Spakenburg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Olympesch Summerspiller 1976, 1:2 géint Holland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jean-Louis Margue geschoss.[3]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976, 1:3 géint Wales. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de 1. MeePaul Philipp geschoss.[4]
- 15. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Wien, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976, 2:6 géint Éisträich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Nico Braun a Paul Philipp geschoss.[5]
- 19. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Szombathely, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976, 1:8 géint Ungarn. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Gilbert Dussier geschoss.[6]
- 12. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Ensdorf 0:1 géint d'Bundesrepublik Däitschland.[7]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]- Gwenaël Kerléo, franséisch Harfspillerin.
- 11. Januar: Matteo Renzi, italieenesche Politiker.
- 14. Januar: Annick Sinner, lëtzebuergesch Léierin an Illustratorin.
- 15. Januar: Fabienne Biever, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 15. Januar: Sophie Wilmès, belsch Politikerin.
- 30. Januar: Alex Penning, lëtzebuergeschen Affekot.
- : 4. FebruarNatalie Imbruglia, australesch Sängerin a Schauspillerin.
- : 5. FebruarMike Feyder, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- : 7. FebruarBarbara Samson, franséisch Schrëftstellerin.
- 10. Februar: Kool Savas, däitsche Rapper.
- 18. Februar: Igor Dodon, moldawesche Politiker a Staatspresident.
- 22. Februar: Drew Barrymore, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 28. Februar: Jean-Marie Reding, lëtzebuergesche Bibliothekär.
- : 3. MäerzThorunn Egilsdottir, lëtzebuergesch-islännesch Tëleespresentatrice, Sängerin a Model.
- 12. Mäerz: Sigmundur Davíð Gunnlaugsson, islännesche Politiker.
- 15. Mäerz: Wesselin Topalow, bulgaresche Groussmeeschter am Schach.
- 19. Mäerz: Marco Engleitner, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 28. Mäerz: Anne Schiltz, lëtzebuergesch Anthropologin.
- 17. Abrëll: David Laborier, lëtzebuergesche Museker.
- 26. Abrëll: Joey Jordison, US-amerikanesche Museker.
- 27. Abrëll: Jeanine Unsen, lëtzebuergesch Fotografin.
- 30. Abrëll: Alija Bešić, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 1. MeeYves Cruchten, lëtzebuergesche Politiker.
- : 2. MeeDavid Beckham, brittesche Foussballspiller.
- : 3. MeeMarc Limpach, lëtzebuergesche Jurist, Schauspiller, Dramaturg an Auteur.
- : 9. MeePascale Hansen, lëtzebuergesch Affekotin a Politikerin
- 10. Mee: Frank Engel, lëtzebuergesche Politiker.
- 12. Mee: Jonah Lomu, neiséilännesche Rugbyspiller.
- : 4. JuniAngelina Jolie, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 25. Juni: Wladimir Kramnik, russesche Schachmeeschter.
- 24. Juni: Alain Marchetti, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 27. Juni: Tobey Maguire, US-amerikanesche Schauspiller.
- 30. Juni: Ralf Schumacher, däitsche Formel-1-Pilot.
- : 4. JuliYann Tonnar, lëtzebuergesche Filmmécher.
- : 6. Juli50 Cent, US-amerikanesche Rapper.
- 25. Juli: Grégoire Colin, franséische Schauspiller.
- 26. Juli: Liz Truss, brittesch Politikerin.
- : 3. AugustEvika Siliņa, lettesch Politikerin.
- : 8. AugustSerge Maes, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 18. August: Natalia Filatkina, russesch Linguistin.
- : 9. SeptemberMichael Bublé, kanadesche Sänger.
- 14. September: Erik Schmidt, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 16. September: Luc Loesch, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 20. September: Juan Pablo Montoya, kolumbianesche Formel-1-Pilot.
- 28. September: Ana Brnabić, serbesch Politikerin.
- : 5. OktoberKate Winslet, brittesch Schauspillerin.
- : 6. OktoberPeter Pellegrini, slowakesche Politiker.
- : 8. OktoberPhilippe Felgen, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 17. Oktober: Anne Kremer, lëtzebuergesch Tennisspillerin.
- 19. Oktober: Hilde Gerg, däitsch Alpinschileeferin.
- 30. Oktober: Yves Grandjean, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- : 2. NovemberMike Majerus, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- Tom Majerus, lëtzebuergeschen Handballspiller. 2. November:
- : 3. NovemberAlexander De Croo, belsche Politiker.
- : 5. NovemberBenoît Majerus, lëtzebuergeschen Historiker.
- : 8. NovemberCathy Richard, lëtzebuergesch Filmregisseurin.
- 21. November: Laurent Witz, franséischen Animatiounsfilmregisseur a -produzent.
- : 1. DezemberSteve Fries, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 19. Dezember: Milla Jovovich, russesch Schauspillerin a Fotomodel.
- 21. Dezember: Charles Michel, belsche Politiker.
- 30. Dezember: Tiger Woods, US-amerikanesche Golf-Spiller.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- : 4. JanuarCarlo Levi, italieenesche Schrëftsteller a Moler.
- : 9. JanuarPierre Fresnay, franséische Schauspiller.
- 16. Januar: Renée Passeur, franséisch Schauspillerin.
- : 1. FebruarVictor Neuens, lëtzebuergeschen Auteur an Editeur.
- : 5. FebruarFoni Tissen, lëtzebuergesche Konschterzéier a Moler.
- : 6. FebruarMarcel Feller, lëtzebuergesche Politiker.
- : 9. FebruarPierre Dac (André Isaac), franséischen Humorist.
- 14. Februar: P.G. Wodehouse, brittesche Schrëftsteller a Komiker.
- 14. Februar: Mathias Weishaupt, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 16. Februar: Jacques Hilling, franséische Schauspiller.
- 17. Februar: François Léon Lefort, lëtzebuergesche Botaniker.
- 17. Februar: George Marshall, US-amerikanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 21. Februar: Joseph Lortz, lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen an Historiker.
- 28. Februar: Jean Serres, lëtzebuergesche Boxer.
- : 8. MäerzJoseph Bech, lëtzebuergesche Politiker.
- George Stevens, US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent. 8. Mäerz:
- 15. Mäerz: John H. Auer, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 15. Mäerz: Aristotelis Onassis, Griichesche Riederei-Besëtzer.
- 16. Mäerz: Perle Mesta, US-amerikanesch Diplomatin.
- 18. Mäerz: Louis Bugette, franséische Schauspiller.
- 19. Mäerz: Harry Lachmann, US-amerikanesche Moler, Zeenograph, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 20. Mäerz: Weniamin Pawlowitsch Jechowski, russesch-franséischen Astronom.
- 22. Mäerz: Paul Verhoeven, däitsche Schauspiller a Filmregisseur.
- 25. Mäerz: Victor Wassenich, lëtzebuergeschen Ornitholog an Zwangsrekrutéierten.
- 27. Mäerz: Frantz Heldenstein, lëtzebuergesche Sculpteur a Bannenarchitekt.
- : 2. AbrëllAlfred Schmitt, franséischen Astronom.
- : 3. AbrëllMary Ure, schottesch Schauspillerin.
- : 5. AbrëllTschang Kai-Tschek, chineesesche Politiker.
- Harold Osborn, amerikanesche Liichtathleet. 5. Abrëll:
- : 8. AbrëllGordon T. Smith, US-amerikanesche Manager.
- 12. Abrëll: Josephine Baker, US-amerikanesch/franséisch Dänzerin, Schauspillerin, Sängerin a Resistenzlerin.
- : 3. MeeJean-Pierre Urbing, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- Jean Kraus, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Enseignant a Botaniker. 3. Mee:
- : 6. MeeFernand Verhaegen, belsche Moler.
- : 8. MeePol Albrecht, lëtzebuergesche Museker a Komponist.
- 18. Mee: Leroy Anderson, US-amerikanesche Komponist.
- 30. Mee: Michel Simon, franséische Schauspiller.
- 26. Juni: Josémaria Escriva de Balaguer, Grënner vum Opus Dei.
- 27. Juni: Robert Stolz, éisträichesche Komponist.
- 10. Juli: Achille Van Acker, belsche Politiker.
- 13. Juli: Aloyse Deitz, lëtzebuergesche Sculpteur.
- : 9. AugustDmitri Schostakowitsch, sowjetrussesche Komponist.
- 11. August: Anthony McAuliffe, US-amerikanesche Generol am Zweete Weltkrich.
- 27. August: Haile Selassie I. vun Ethiopien.
- : 6. SeptemberMarie Clausse, lëtzebuergesch Fraerechtlerin a Resistenzlerin.
- : 7. SeptemberWilhelm Thiele, éisträichesch-US-amerikanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- : 8. SeptemberPierre Montazel, franséische Kameramann a Filmregisseur.
- 18. September: Felix Weil, däitsch-argentinesche Mäzen.
- 20. September: Saint-John Perse, franséischen Dichter, Nobelpräisdréier.
- : 1. OktoberEugène Rodenbourg, lëtzebuergesche Magistrat.
- 27. Oktober: Rex Stout, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 30. Oktober: Peter Faber, lëtzebuergesche Schrëftsteller, Chansonnier a Kabarettist.
- : 2. NovemberPier Paolo Pasolini, italieenesche Schrëftsteller a Filmregisseur.
- 10. November: Léon Berens, lëtzebuergeschen Industriellen.
- 17. November: Rudolf Palgen, lëtzebuergesche Philolog.
- 20. November: Francisco Franco, spuenesche Politiker a Generol.
- 23. November: Ernest Ludovicy, lëtzebuergesche Pedagog a Schrëftsteller.
- 30. November: Tony Jungblut, lëtzebuergeschen Auteur, Journalist, Geriichtschroniker an Editeur.
- : 4. DezemberHannah Arendt, däitsch Philosophin.
- : 6. DezemberFranco Pesce, italieenesche Schauspiller.
- 16. Dezember: Alphonse Turpel, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Journalist.
- 22. Dezember: Mathias Weyrich, lëtzebuergesche Wënzer a Lokalpolitiker.
- 24. Dezember: Bernard Herrmann, US-amerikanesche Komponist an Dirigent.
- 26. Dezember: Pierre Hentges sen., lëtzebuergeschen Turner, Auteur an Olympionik.
- 29. Dezember: Jacques Zenner, lëtzebuergesche Moler.
- 31. Dezember: Jean Chevrier, franséische Schauspiller.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 1975 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Éisträich de 16. Mäerz 1975 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland den 8. Abrëll 1975 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg den 22. Abrëll 1975 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Wales den 1. Mee 1975 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Éisträich-Lëtzebuerg de 15. Oktober 1975 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Ungarn-Lëtzebuerg den 19. Oktober 1975 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Däitschland-Lëtzebuerg den 19. Oktober 1975 op der Websäit vun European Football