10. Mee
Ausgesinn
<< | Mee | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | ||
6 | 7 | 8 | 9 | 10 | 11 | 12 |
13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 |
20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 |
27 | 28 | 29 | 30 | 31 | ||
2024 |
Den 10. Mee ass den 130. Dag vum Joer (131. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1774: Frankräich: De Louis XVI. gëtt Kinnek vu Frankräich.
- 1871: De Friddenstraité vu Frankfurt beendegt den Franséisch-Preisesche Krich. Frankräich muss d'Elsass an Deeler vu Loutrengen oftrieden.
- 1877: Lëtzebuerg: Zu Esch-Uelzecht gëtt d'Dekanatskiirch St. Joseph feierlech ageweit.
- 1932: Frankräich: Den Albert Lebrun gëtt President vun der franséischer Republik als Nofollger vum Paul Doumer.
- 1940: Däitsch Truppe marschéieren an Holland, der Belsch an a Lëtzebuerg an. De Westfeldzuch huet ugefaangen.
- 1940: Lëtzebuerg: Däitsch Truppen iwwerfale Lëtzebuerg; d'Grande-Duchesse Charlotte an d'Regierung ginn an den Exil.
- 1949: Däitschland: Bonn gëtt Haaptstad vun der Bundesrepublik Däitschland.
- 1981: Frankräich: De François Mitterrand gëtt franséische President.
- 1994: Den Nelson Mandela gëtt President vu Südafrika
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 1934: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Léck 1:4 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Mathias Becker geschoss.[1]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Fred Astaire
-
David O, Selznick
-
Arnold Rüütel
-
George E. Smith
-
Marie-France Pisier
-
Bono
- 1748: Louis Jean Pierre Vieillot, e franséischen Ornitholog.
- 1760: Claude Joseph Rouget de Lisle, franséische Komponist (Marseillaise), Dichter an Offizéier.
- 1760: Johann Peter Hebel, däitschen Dichter, evangeeleschen Theolog a Pedagog.
- 1760: Charles Melchior Artus de Bonchamps, franséischen Adelegen a Kommandant vun der Arméi vun der Vendée.
- 1796: Jean-Pierre Namur, Apdikter zu Iechternach.
- 1823: Hector Biver, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 1888: Leo Müller, lëtzebuergesche Journalist, Editeur a Politiker.
- 1890: Wilhelm Thiele, éisträichesch-US-amerikanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1894: Aimé Clariond, franséische Schauspiller.
- 1899: Fred Astaire, amerikanesche Schauspiller an Dänzer.
- 1900: Ernst Ising, däisch-US-amerikanesche Physiker.
- 1900: Cecilia Payne-Gaposchkin, englesch Astronomin.
- 1902: Anatole Litvak, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1902: David O. Selznick, US-amerikanesche Filmproduzent.
- 1915: Pierre Mousel, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1916: Josy Greisen, lëtzebuergeschen Dekorateur a Karikaturist.
- 1918: Alfred Weidenmann, däitsche Filmregisseur.
- 1920: Georges Arendt, lëtzebuergesche Bankier Fechter an Olympionik.
- 1923: Norbert Thill, lëtzebuergesche Musekserzéier, Fotograf, Organist an Auteur.
- 1923: Roger Jacobs, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1924: Maria Mauban, franséisch Schauspillerin.
- 1926: Roger Petit, belschen Historiker.
- 1927: Marcel Mart, lëtzebuergesche Politiker.
- 1928: Arnold Rüütel, estesche Politiker a Staatspresident.
- 1930: George E. Smith, US-amerikanesche Physiker an Nobelpräisdréier.
- 1931: Ettore Scola, italieenesche Filmregisseur.
- 1933: Nelly Wies, lëtzebuergesch Sportlerin am Bouschéissen an Olympionikin.
- 1933: Françoise Fabian, franséisch Schauspillerin.
- 1939: Franco Pacini, italieeneschen Astronom an Astrophysiker.
- 1942: Jean-Pierre Hansen, lëtzebuergesche Physiker.
- 1944: Marie-France Pisier, franséisch Schauspillerin a Regisseurin.
- 1952: Vanderlei Luxemburgo, brasilianesche Foussballtrainer.
- 1957: Sid Vicious, brittesche Punk-Museker.
- 1960: Bono, iresche Museker.
- 1961: Luc Bonblet, lëtzebuergesche Politiker.
- 1962: David Fincher, US-amerikanesche Regisseur, Produzent a Schauspiller.
- 1972: Katja Seizinger, däitsch Alpinschileeferin.
- 1975: Frank Engel, lëtzebuergesche Politiker.
- 1977: Nick Heidfeld, F1-Pilot.
- 1982: Jean de Marchi, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 2020: Prënz Charel, Jong vum Ierfgroussherzog Guillaume vu Lëtzebuerg.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1774: Louis XV., Kinnek vu Frankräich.
- 1849: Katsushika Hokusai, japanesche Xylograph.
- 1891: Carl Wilhelm von Nägeli, Schwäizer Botaniker.
- 1892: Nicolas Breisdorff, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Politiker a Journalist.
- 1904: Henry Morton Stanley, engleschen Afrikafuerscher.
- 1932: Pierre Funck, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1977: Joan Crawford, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- 1980: Henri Crémieux, franséische Schauspiller.
- 1980: Leslie Peltier, US-amerikaneschen Astronom.
- 2002: Yves Robert, franséische Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent a Filmregisseur.
- 2004: Georges Wengler. lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 2006: Val Guest, englesche Filmproduzent a -regisseur.
- 2008: John Paul Wild, australeschen Astronom a Wëssenschaftsmanager.
- 2011: Henri Klees, lëtzebuergesche Linguist an Ethnolog.
- 2017: Emmanuèle Bernheim, franséisch Schrëftstellerin an Dréibuchautorin.
- 2019: Nicolas Eickmann, lëtzebuergesche Politiker, Buergermeeschter vun Déifferdeng.
- 2023: Enrico Oldoini, italieenesche Filmregisseur.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 10. Mee – Biller, Videoen oder Audiodateien |