17. Oktober
Ausgesinn
<< | Oktober | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | |
7 | 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 |
14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 |
21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 |
28 | 29 | 30 | 31 | |||
2024 |
De 17. Oktober ass den 290. Dag (291. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1797: Traité vu Campo-Formio.
- 1810: Op der Theresienwiese zu München ass d'Prënzenhochzäit vum Krounprënz Ludwig (dem spéidere Kinnek Ludwig I.) an der Prinzessin Therese von Sachsen-Hildburghausen mat engem grousse Volleksfest a Päerdscoursen. Et ass dat éischt Oktoberfest.
- 1825: D'Uropféierung der Oper Don Sanche vum Franz Liszt ass zu Paräis.
- 1868: D'Lëtzebuerger Constitutioun trëtt a Kraaft.
- 1888: An den USA kënnt den National Geographic Magazine fir d'éischt eraus.
- 1891: De Wiener Konschthistoresche Musée geet op.
- 1961: Zu Paräis ginn no enger net geneemegter Manifestatioun vun 30.000 Algerier eng onbekannt Zuel vu Manifestanten doutgemaach, Dausende gi blesséiert a 14.000 festgeholl.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 2007: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2008, 0:2 géint Rumänien.[1]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Georg Büchner
-
Arthur Miller
-
Rita Hayworth
-
Montgomery Clift
-
Kimi Räikkönen
- 1680: Constantia von Cosel Maîtress vum August dem Staarken.
- 1813: Georg Büchner, däitschen Theaterauteur.
- 1820: Édouard Albert Roche, franséischen Astronom a Mathematiker.
- 1824: Nicolas Gonner-Nau, lëtzebuergeschen Industriellen.
- 1883: Michel Gehrend, lëtzebuergeschen Affekot an Editeur.
- 1908: Jan van Hout, hollännesche Vëlossportler a Resistenzler.
- 1912: Jean-Paul I., Poopst.
- 1914: Armand Collard, belsche Resistenzler.
- 1915: Arthur Miller, US-amerikaneschen Theaterauteur.
- 1915: Elli Parvo, italieenesch Schauspillerin.
- 1916: Friedrich Schoenfelder, däitsche Schauspiller.
- 1918: Rita Hayworth, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1919: Zhao Ziyang, Premierminister vun der Volleksrepublik China a Generalsekretär vun der Kommunistescher Partei.
- 1920: Montgomery Clift, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1923: Adrienne Juncker, lëtzebuergesch Textilkënschtlerin.
- 1926: Julie Adams, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1926: Karl Gordon Henize, US-amerikaneschen Astronaut an Astronom.
- 1933: Soeur Sourire, belsch Nonn, Sängerin.
- 1937: Peter Nilson, schweedeschen Astronom an Auteur.
- 1940: Marion Michael, däitsch Schauspillerin.
- 1944: Zénon Bernard, lëtzebuergesche Foussballspiller a Politiker.
- 1944: Philippe Noesen, lëtzebuergesche Schauspiller, Theaterintendant a Regisseur.
- 1947: Michael McKean, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1948: Margot Kidder, US-amerikanesch-kanadesch Schauspillerin.
- 1972: Nicolas Funck, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1975: Anne Kremer, lëtzebuergesch Tennisspillerin.
- 1979: Kimi Räikkönen, F1-Pilot.
- 1986: Simon Harris, iresche Politiker.
- 1989: Laurent Carnol, lëtzebuergesche Schwëmmer.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1780: Bernardo Canaletto, italieenesche Moler.
- 1806: Jacques I. Keeser vun Haiti
- 1825: Mathias Schou (Blannen Theis), lëtzebuergesche Spillmann.
- 1837: Johann Nepomuk Hummel, ungaresche Komponist a Pianist.
- 1849: Frederic Chopin, franséisch-polnesche Komponist.
- 1887: Gustav Robert Kirchhoff, däitsche Physiker.
- 1893: Patrice de Mac-Mahon, President vun der franséischer Republik.
- 1901: Jean Worré, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 1906: Dominique-Alexis Brasseur, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 1940: Lucien Linden, belsche Botaniker.
- 1941: John Stanley Plaskett, kanadeschen Astronom.
- 1955: Fritz Schneider, lëtzebuergesche Professer an Auteur.
- 1967: Henry Pu Yi, leschte Keeser vu China.
- 1973: Ingeborg Bachmann, éisträichesch Schrëftstellerin.
- 1979: Robert Vernay, franséische Filmregisseur.
- 2006: Daniel Emilfork, franséische Schauspiller.
- 2015: Danièle Delorme, franséisch Schauspillerin.
- 2024: Mitzi Gaynor, US-amerikanesch Schauspillerin, Sängerin an Dänzerin.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 17. Oktober – Biller, Videoen oder Audiodateien |