Sudeten
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/8a/%C5%9Anie%C5%BCka_z_zachodu.jpg/220px-%C5%9Anie%C5%BCka_z_zachodu.jpg)
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/00/Widok_z_Zygmuntowki.jpg/220px-Widok_z_Zygmuntowki.jpg)
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/92/SzczeliniecWielki.jpg/220px-SzczeliniecWielki.jpg)
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/cd/Trojmez%C3%AD_CZ-PL-DE.jpg/220px-Trojmez%C3%AD_CZ-PL-DE.jpg)
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/b5/Sudety_relief.png/220px-Sudety_relief.png)
Sudeten (Tschechesch a Polnesch: Sudety) ass den Numm vun enger Biergkette vu mëttelhéije Bierger an der däitsch-polnesch-tschechescher Grenzregioun. Se ass en Deel vum Béimesche Massiv a geet vun Dresden (Elbe-Sandsteenbierger - Elbsandsteingebirge) am Weste bis bei d'Moravsky Brana ("Mieresch Paart", wou d'Europäesch Waasserscheed derduerchgeet, a wat en historesche Passage tëscht Nord a Südeuropa war) am Osten.
Si setzt sech aus e puer Bierggruppen zesummen, dorënner d'Krkonoše (tschechesch)/Karkonosze (polnesch)/Riesengebirge (däitsch) an d'Hrubý Jeseník (cs)/Wysoki Jesionik (pl)/Altvatergebirge (de). Am Ganzen ass s'eng 310 km laang an 30 bis 50 km breet.
D'Sudete ginn an dräi Sektiounen ënnerdeelt - West-, Mëttel- an Ostsudeten -, déi hirersäits aus enger ganzer Rëtsch vu Landschafte bestinn.
De Bierg Sněžka (cs)/Śnieżka (pl)/Schneekoppe (de) ass mat 1603 Meter den héchste Punkt.
D'Begrëffer "Sudetendäitsch" (Sudetendeutsche), d. h. déi däitschsproocheg Awunner aus der deemoleger Tschechoslowakei, wéi och "Sudetenland" (fir déi béimesch, mieresch an tschechesch-schleesesch Grenzregiounen zu Däitschland an Éisträich, wou se gewunnt hunn, ginn op d'Sudeten zeréck.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Sudeten – Biller, Videoen oder Audiodateien |