Saljut 4
Ausgesinn
Saljut 4 | |
---|---|
Typ | Raumstatioun |
Land | Sowjetunioun |
Äerdëmkreesunge | 12187 |
COSPAR-Bezeechnung | 1974-104A |
Apogeum | 219 km |
Perigeum | 168 km |
Bunnschréi | 51,6° |
Mass | 18.500 kg |
Bunn-Ëmlafzäit | 89,1 min |
Start | 26. Dezember 1974, 04:19 UTC |
Startplaz | Baikonur |
Drorakéit | Proton-K-Rakéit |
Status | vergloust den 2. Februar 1977, 22:00 UTC |
Saljut 4 war eng sowjetesch Raumstatioun, déi de 26. Dezember 1974 mat enger Proton-K-Rakéit an eng Äerdëmlafbunn bruecht gouf. Si ass den 2. Februar 1977 beim Neesantrëtt an d'Äerdatmosphär vergloust. Wärend hirer Betribszäit gouf si mat zwou Ekippe bemannt: fir d'éischt mam Alexei Gubarew an dem Georgi Gretschko mam Raumschëff Sojus 17, duerno mam Pjotr Klimuk an dem Witali Sewastjanow mat Sojus 18. E weidere Besuch war mam onbemannte Raumschëff Sojus 20.
Technesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]- Längt: 15,8 m
- Duerchmiesser: max. 4,15 m
- Bewunnbare Raum: 90 m³
- Startmass: 18.900 kg
- Solarzellefläch: 60 m²
- Zuel vu Solarzellen: 3
- Elektresch Leeschtung: 4 kW
- Zuel vu Kopplungsadapter: 1
Fuerschungsapparaten
[änneren | Quelltext änneren]Am Ganzen ware ronn 2 t Fuerschungsapparate u Bord, ënner anerem:
- dat 25 cm Sonnenteleskop OST-1 (eng Entwécklung vum Krim-Observatoire)
- de Reflexiounsspektrometer KDS-3
- de Sonnespektrometer KSS-2
- den Infraroutteleskop ITS-P
- d'Erfaassungsinstrument fir Meteorstoff MMK-1 an neutral Deelercher „Rjabina“
- de Massespektrometer „Spektr“
- den Temperatursensor fir déi baussenzeg Äerdatmosphär „Emissija“
- d'Äerdobservatiounsinstrumenter KATE-140, KATE-500 a BA-SK
- den Telefotometer „Mikron“,
- weider Instrumenter fir medizinesch an technologesch Experimenter
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) Alexander Anikeev: Orbital station "Salyut-4"
- (en) Robert Christy: Salyut 4
- (en) Encyclopedia Astronautica: Salyut 4