Op den Inhalt sprangen

NGC 1277

Vu Wikipedia

Den NGC 1277 ass eng lënsefërmeg Galaxie am Stärebild Perseus. Si ass ronn 220 Millioune Liichtjoer vun der Mëllechstrooss ewech. Den NGC 1277 gouf de 4. Dezember 1875 vum ireschen Astronom Lawrence Parsons entdeckt.

Den 28. November 2012 hu Physiker vum Max-Planck-Institut fir Astronomie entdeckt, datt dat Schwaarzt Lach am Zentrum vun der Galaxie eent vun de masseräichsten ass, dat bis elo entdeckt gouf. Et huet ronn 14% vun der Galaxiëmass respektiv ongeféier 17 Milliarde Sonnemassen[1]. Et ass awer nach net gekläert, firwat dat Schwaarzt Lach sou vill Mass huet, well et no gängege Modeller eng méi grouss Galaxie ëm sech misst hunn.

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. van den Bosch, Gebhardt, Gültekin et al.: „An over-massive black hole in the compact lenticular galaxy NGC 1277“, [1]