Index-Katalog
Den Index-Katalog (och IC-Katalog oder IC vum engl. Index-Catalogue) bezeechent e Katalog vu galakteschen Niwwelen, Stärekéip a Galaxien.
Am Ufank gouf et zwéi Katalogen: den Index-Katalog 1 (IC 1) an eppes méi spéit den Index-Katalog 2 (IC 2). Haut ginn dës zwéi Katalogen ënner engem Begrëff Index-Katalog (IC) zesummegefaasst.
Déi zwéin Index-Kataloge sinn Erweiderunge vum NGC Katalog, a gouf grad sou wéi dee vum Johan Ludvig Emil Dreyer zesummengestallt. Den IC 1 gouf 1895 verëffentlecht an am Katalog stinn astronomesch Objeten, déi no der Verëffentlechung vum NGC 1888 bis 1895 entdeckt goufen. Den IC 2 gouf 1908 verëffentlecht an enthält d'Objeten, déi tëscht 1895 an 1908 entdeckt goufen.
Am ganzem Index-Katalog stinn ongeféier 5.500 Objeten. Dorënner sinn och e puer Objete vum Messier-Katalog, déi net am NGC-Katalog stinn.
Am Index-Katalog stinn och Feeler grad wéi am NGC-Katalog. Un enger Verbesserung schafft den NGC/IC-Projet. Als deelweis verbessert Versioun gëllt den NGC 2000.0-Katalog an dee sougenannten Revised NGC/IC Katalog (fir d'éischt 1997/98) vum Wolfgang Steinicke (elo Deel vum NGC/IC-Projet).
Richteg Nofollger vun dëse Kataloge gëtt et net. Zanter dem fréien 20. Joerhonnert goufe Katalogen nëmmen nach speziell fir déi eenzel Objettyppen ugeluecht. Et existéieren och e puer Galaxiëkatalogen.
Objete vum Index-Katalog (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- IC 10 (Irregulär Galaxie am Stärebild Cassiopeia)
- IC 11 (Emissiounsniwwel am Stärebild Cassiopeia)
- IC 44 (Galaxie am Stärebild Cetus)
- IC 51 (Galaxie am Stärebild Cetus)
- IC 289 (Planetareschen Niwwel am Stärebild Cassiopeia)
- IC 405 (diffusen Niwwel)
- IC 418 (Spirograph-Niwwel)
- IC 434 (Emissiounsniwwel am Stärebild Orion)
- IC 1295 (Planetareschen Niwwel am Stärebild Scutum)
- IC 1396 (oppene Stärekoup am Stärebild Cepheus)
- IC 1459 (Galaxie am Stärebild Grus)
- IC 1613 (Galaxie am Stärebild Cetus)
- IC 1623 (Galaxiëkoppel am Stärebild Cetus)
- IC 1988 (Galaxie am Stärebild Fornax)
- IC 2220 Reflexiounsniwwel am Stärebild Carina
- IC 2602 (Südlech Plejaden, oppene Stärekoup am Stärebild Puppis)
- IC 4406 (Retina-Niwwel)
- IC 4499 (Kugelstärekoup am Stärebild Apus)
- IC 4553 (Galaxie am Stärebild Serpens)
- IC 4592/IC 4601 (Reflexiounsniwwel am Stärebild Scorpius)
- IC 4625 (Galaxie am Stärebild Ophiuchus)
- IC 4651 (Stärekoup am Stärebild Ara)
- IC 4665 (Stärekoup am Stärebild Ophiuchus)
- IC 4715 (M 24)
- IC 4725 (M 25)
- IC 4895 (irregulär Galaxie vun der Lokaler Grupp)