Hollännesch Karibik
Ausgesinn
Hollännesch Karibik | |
---|---|
Aruba, Curaçao, Sint Maarten, Karibescht Holland (vu West no Ost): Bonaire, Saba, Sint Eustatius | |
Geographie | |
Kontinent | Nord- a Mëttelamerika |
Land | Holland |
Verwaltung | |
Demographie | |
Aner Informatiounen | |
Zäitzon | Atlantic Standard Time Zone |
Aruba, Curaçao, Sint Maarten, Karibescht Holland (vu West no Ost): Bonaire, Saba, Sint Eustatius | |
D'Hollännesch Karibik (hollännesch: Caribisch deel van het Koninkrijk) begräift follgend Inselen an Inselgruppen an der Karibik:
- d'autonom Länner Aruba, Curaçao a Sint Maarten, déi zu Holland gehéieren,
- d'Insele Bonaire, Sint Eustatius a Saba déi als besonnesch Gemengen zu Holland gehéieren.
Zanter 1816 waren dës sechs Inselen duerch „definitiv“ Reegelunge vun den europäesche Muechten an hollänneschem Kolonial-Besëtz. Vun 1877 un goufe s'als Curaçao en Onderhorigheden bezeechent.
D'Hollännesch Karibik mat hire sechs Inselen ass net ze verwiessele mat dem Karibeschen Holland (Caribisch Nederland) dat just déi dräi Insele Bonaire, Sint Eustatius a Saba mat hire jeeweilegen Nieweninsele begräift. Als besonnesch Gemeng gehéiere se politesch zum europäeschen Holland, also dem Land um Nordmier. Se sinn deemno manner eegestänneg wéi eng Insel déi de Statut vun engem autonome Land huet.
Insel | Haaptstad | gehéiert geographesch zu | Fläch (km²) | Awunner (1. Januar 2023) | Awunner / km² | politesche Status |
---|---|---|---|---|---|---|
Aruba | Oranjestad | Inselen ënner dem Wand | 180[1] | 115.600[1] | 642,2 | autonoomt Land am Kinnekräich Holland (zanter dem 01.01.1986) |
Bonaire | Kralendijk | Inselen ënner dem Wand | 288[2] | 24.090[3] | 83,6 | Besonnesch Gemeng (zanter dem 10.10.2010) |
Curaçao | Willemstad | Inselen ënner dem Wand | 444[4] | 147.300[4] | 333,8 | autonoomt Land am Kinnekräich Holland (zanter dem 10.10.2010) |
Saba | The Bottom | Inselen iwwer dem Wand | 13[5] | 2.035[3] | 156,5 | Besonnesch Gemeng (zanter dem 10.10.2010) |
Sint Eustatius | Oranjestad | Inselen iwwer dem Wand | 21[6] | 3.293[3] | 156,8 | Besonnesch Gemeng (zanter dem 10.10.2010) |
Sint Maarten | Philipsburg | Inselen iwwer dem Wand | 34[7] | 46.800[7] | 1.376,5 | autonoomt Land am Kinnekräich Holland (zanter dem 10.10.2010) |
980 | 339.118 |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Hollännesch Karibik – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Caribisch deel van het Koninkrijk (nl) Informatiounen iwwer den hollänneschen Deel an der Karibik op der Internetsäit vum hollännesche Staat
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 (en)Aruba Facts | Britannica. www.britannica.com. Gekuckt de(n) 2023-08-08.
- ↑ (en)Lesser Antilles | Maps, Facts, & Geography | Britannica. www.britannica.com (21.06.2023). Gekuckt de(n) 03.08.2023.
- ↑ 3,0 3,1 3,2 (nl)CBS Statline. opendata.cbs.nl. Gekuckt de(n) 03.08.2023.
- ↑ 4,0 4,1 (en)Curaçao Facts | Britannica. www.britannica.com. Gekuckt de(n) 2023-08-08.
- ↑ (en)Saba | Caribbean, Volcanic, Nature Reserve | Britannica. www.britannica.com. Gekuckt de(n) 03.08.2023.
- ↑ (en)Sint Eustatius | Facts, Culture, History, & Points of Interest | Britannica. www.britannica.com. Gekuckt de(n) 03.08.2023.
- ↑ 7,0 7,1 (en)Sint Maarten Facts | Britannica. www.britannica.com. Gekuckt de(n) 2023-08-08.