Faaschten
Ausgesinn
Faaschten ass eng Form vu mënschlecher Kultur, déi dora besteet, datt een eng Zäit laang manner oder guer näischt ësst. A béide Fäll lieft ee vun den eegene Kierperreserven.
D'Wuert staamt vum gotesche "fastan" = festhalen, beuechten.
Et gëtt verschidde Manéiere fir ze faaschten:
- Heelfaaschten aus gesondheetleche Grënn. Heihi gehéiert och eng speziell Form vu Wanderen, d'Faaschtewanderen.
- Den Hongerstreik als Form vu passivem Widderstand.
- Reliéis motivéiert Faaschten: a verschidde Relioune besteet eng Traditioun, fir zu bestëmmten Zäiten ze faaschten, et schwätzt ee vu Faaschtenzäiten.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Faaschten – Biller, Videoen oder Audiodateien |