Alberto Giacometti
Alberto Giacometti | |
---|---|
Gebuer |
10. Oktober 1901 Borgonovo |
Gestuerwen |
11. August 1966 Chur |
Doudesursaach | chronesch obstruktiv Longenerkrankung |
Nationalitéit | Schwäiz, Frankräich |
Educatioun | Académie de la Grande-Chaumière |
Aktivitéit | Sculpteur, Moler, Schrëftsteller, Bijousdesigner, Graveur, Graphiker, Zeechner, Illustrateur, Kënschtler |
Famill | |
Bestuet mat | Annette Giacometti |
Papp | Giovanni Giacometti |
Mamm | Annetta Giacometti |
Geschwëster | Diego Giacometti, Bruno Giacometti, Ottilia Giacometti |
Den Alberto Giacometti, gebuer den 10. Oktober 1901 zu Borgonovo, gestuerwen den 11. Januar 1966 zu Chur, war e Schwäizer Sculpteur a Moler.
Hie war de Jong vum post-impressionistesche Moler Giovanni Giacometti, de Brudder vum Diego Giacometti (och e Moler) en Enkel vum Moler Augusto Giacometti.
Hien huet sech zu Paräis néiergelooss an do no an no Succès kritt. Do huet hie Kontakt mat anere Moler wéi dem Joan Miró, Alexander Calder an André Masson kritt a mat de Surrealisten André Breton, Louis Aragon a Salvador Dali.
1934 hat den Giacometti seng éischt Solo-Ausstellung an der Galerie Julien Levy zu New York.
Hien huet sech 1949 mat der Annette Arm, senger Mus, bestuet. An den 1950er an 1960er Jore war seng produktiivst Period, mat Ausstellungen ë. a. op der Biennale zu Venedeg an zu New-York.
Am bekanntste si seng Skulpturen, laang gouereg Figuren, wouvun déi emblemateschst L'Homme qui marche däerft sinn, déi och zu den deierste Konschtwierker iwwerhaapt zielt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Alberto Giacometti – Biller, Videoen oder Audiodateien |