Muttergottes
Den Titel Muttergottes fir d'Jongfra Maria, dem Jesus seng Mamm, gëtt fir d'éischt um Konzil vun Ephesus am Joer 431 gebraucht. Op Griichesch ass den Titel Θεοτόκος theotókos, wuertwiertlech Gottesgebärerin. Domat huet d'Konzil dem Nestorius seng Léier verworf, datt d'Maria just de Mënsch Jesus op d'Welt bruecht huet, awer net de "Sohn Gottes". Als biblesche Beleeg fir dësen Titel gëtt Lk 1,43[1] genannt, well hei d'Elisabeth scho virun der Gebuert vum Jesus zu der Maria seet: Wie sinn ech, datt d'Mamm vu mengem Här bei mech kënnt?[2]
Fir d'protestantesch Chrëschten ass den Titel Muttergottes problematesch a si zéien den Titel Gottesgebärerin vir, well si respektéieren d'Maria als Mamm vum Jesus, leenen awer d'Veréierung vun der Maria of. An der Orthodoxescher Kierch ass d'Marieveréierung awer staark verbreet: Weltberüümt si Marien-Ikonen.
Zu Lëtzebuerg geet de Mariekult, also d'Muttergottesveréierung, op d'Jesuitten zeréck, a besonnesch op de Jacques Brocquart S.J., deen den 8. Dezember 1624 eng Muttergottesstatue mam Titel Tréischterin am Leed zur Veréierung virun d'Stadmauere gedroen huet.
Beispiller vu Muttergottesstatuen
[änneren | Quelltext änneren]-
An der Kathedral an der Stad
-
An der Géisdrëffer Kierch
-
An der Kierch vu Biwer
-
Bei der Haupeschkierch zu Péiteng
-
An der Grënnescher Kierch (Stad)
-
Um Belair
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Muttergottes – Biller, Videoen oder Audiodateien |