Wrocław huet eng Fläch vun 293 Quadratkilometer, op enger Héicht vun ca. 111 Meter tëscht de Kocie Góry ("Kazebierger") am Norden an de Sudeten am Süden. Et läit op der Oder, wou dës véier Nieweflëss ophëlt. Do derbäi kommen eng Rëtsch Kanäl, soudatt d'Stad op 12 Insele läit, déi mat iwwer 100 Brécke verbonne sinn, wat hir de Spëtznumm "Venedeg vu Polen" abruecht huet.
Am Laf vun der Geschicht huet Wrocław ufanks zu Polen, dann zu Béimen a kuerz zu Ungarn, resp. zu Éisträich, dono zu Preisen a méi spéit zum Däitsche Räich, an zënter 1945 nees zu Polen gehéiert.
Wrocław ass haut eng bedeitend Universitéitsstad. 150.000 Studente sinn do op Héichschoulen an Universitéiten ageschriwwen. Déi gréisst sinn d'Uniwersytet Wrocławski (UWr) an d'Politechnika Wrocławska (Wroclaw University of Science and Technology).
... d'Kongresshal vu Berlin an der Zäit vum Kale Krich e prominent Symbol fir déi däitsch-amerikanesch Allianz war an deementspriechend politesch instrumentaliséiert gouf?
... vun 1880 un all Servicer vun der Lëtzebuerger Regierung an engem Gebai ënnerbruecht waren, dem Hotel Sankt-Maximäin, deen dofir dacks just d'Regierung genannt gouf?
... en Europäeschen Igel 5.000 bis alt 7.500 Stachelen huet, déi iwwer de ganze Kapp a Réck verdeelt sinn?
... de Méchelstuerm zu Miersch net, wéi de Rescht vun der aler Kierch, am 19. Joerhonnert ofgerappt gouf, well en dem Kinnek-Groussherzog Wëllem II. seng Fra Anna Pawlowna un d'Kierchtierm aus hirer Heemecht erënnert soll hunn, an doropshin d'Gemengeconseillere gebiede goufen, e stoen ze loossen?