Oliviero Toscani
Oliviero Toscani | |
---|---|
Gebuer |
28. Februar 1942 Mailand |
Gestuerwen |
13. Januar 2025 Cecina |
Nationalitéit | Italien |
Educatioun | Hochschule für Gestaltung und Kunst |
Aktivitéit | Fotograf, Designer |
Den Oliviero Toscani, gebuer den 28. Februar 1942 zu Mailand, a gestuerwen den 13. Januar 2025 zu Cecina[1], war en italieenesche Fotograf.
Hie gouf bekannt duerch seng Reklammscampagnë fir d'Kleederfirma Benetton, fir déi en tëscht 1983 an 2000 verantwortlech war, an op deene Sujeten ze gesi waren, déi dacks kontrovers diskutéiert goufen (wéi z.B eng Nonn an e Paschtouer, déi sech e Kuss ginn, en doudkranken Aids-Patient, asw) - och wann, oder grad well, se näischt direkt mat Kleeder ze dinn haten.
No enger Campagne am Joer 2000, déi Portraitsfotoe vu Leit gewisen huet, déi an den USA zum Doud verurteelt gi waren, huet hie Benetton verlooss, huet awer nach eng Kéier vun Enn 2017 bis Ufank 2020 fir dës Firma geschafft.
Wärend der Woch vun der Moud zu Mailand, 2007, huet den Toscani Biller ausgestallt vun der Isablle Caro, engem Mannequin, dat ënner Anorexie gelidden huet, wat och fir Diskussioune gesuergt huet, ob dat elo eng Ausernanersetzung mat de Gefore vun där Krankheet, oder just eng Ausnotzung vum Leed vun Anere wier.
Bicher
[änneren | Quelltext änneren]- Die Werbung ist ein lächelndes Aas. (La pub est une charogne qui nous souri). 3. Aufl. S. Fischer Verlag, Frankfurt/M. 2000, ISBN 3-596-13564-8.
- Cacas – Die Enzyklopädie der Kacke. Taschen Verlag, 2000, ISBN 978-3-8228-5775-5
- Osteoporosis: Fotografische Einblicke. Verlag im Kilian, 2005, ISBN 978-3-932091-91-9
- Oliviero Toscani. Carlton Books Ltd, November 2015, ISBN 978-1-78313-008-5
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Lorella Pagnucco Salvemini: Toscani – Die Werbecampagnen für Benetton 1984-2000. Knesebeck Verlag, 2002, ISBN 978-3-89660-121-6
- Fabio Petroni: Pferde im Porträt (mit Texten von Oliviero Toscani), White Star, 2010, ISBN 978-3-86726-160-9
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Oliviero Toscani – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Welt Online: Oliviero Toscanis Geschmacklosigkeiten (Interview)
- einestages: Benetton-Fotograf Toscani „Pullover sind mir scheißegal!“
- Schabloun:Webarchiv – Interview vun der Nina Schedlmayer am profil, 17. Abrëll 2010
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "È morto Oliviero Toscani, artista della fotografia e protagonista della cultura pop." rainews.it, 13.01.2025.