Yukio Hatoyama
Ausgesinn
Yukio Hatoyama | |
---|---|
Pseudonym | 鳩山 友紀夫 |
Gebuer | 11. Februar 1947 |
Nationalitéit | Japan |
Educatioun | Stanford University |
Aktivitéit | Politiker, Ingenieur, Universitéitsprofesser |
De Yukio Hatoyama (Japanesch: 鳩山 由紀夫, Hatoyama Yukio), gebuer den 11. Februar 1947 zu Bunkyo, Tokio, ass e japanesche Politiker.
Hien ass de Generalsekretär vun der Demokratescher Partei vu Japan. Als Resultat vun de Parlamentswalen am August 2009, wou d'Liberal-demokraten eng Néierlag hu missen astiechen, gouf hie Premierminister vu Japan.
Den 2. Juni 2010 ass hien op Drock vu senger Partei zeréckgetrueden. Hien hat d'Walverspriechen net agehalen, d'amerikanesch Air-force-base zu Ginowan, op der Insel Okinawa, zouzemaachen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Yukio Hatoyama – Biller, Videoen oder Audiodateien |