Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:20 Joer

Vu Wikipedia
Logo fir 20 Joer Wikipedia op Lëtzebuergesch.

Hei sollen Informatiounen am Zesummenhank mam 20. Anniversaire vun der Lëtzebuergescher Wikipedia bereetgestallt ginn. Dës Säit ass nach am Opbau a ka sech dacks änneren.

20 Joer Wikipedia op Lëtzebuergesch

[Quelltext änneren]

Den 21. Juli 2024 sinn et genee 20 Joer hier, datt d'Benotzerin Briséis déi éischt Säiten op d'Wikipedia-Versioun a Lëtzebuerger Sprooch eropgelueden huet.

Zanterhier si mer bei 63.860 Artikelen ukomm. Dosende vu benevolle Contributeuren hu ronn 240 Megabyte[1] un enzyklopedeschen Informatioune geschriwwen, verbessert, aktualiséiert oder illustréiert. D'Wikipedia op Lëtzebuergesch huet sech wéi e Puzzel, Stéck fir Stéck zu enger eemoleger Informatiounsquell op Lëtzebuergesch, an absënns (ma net nëmmen) iwwer Theeme mat engem Bezuch op Lëtzebuerg, entwéckelt.

Wikimedia Lëtzebuerg huet 2 Roll-Upe maache gelooss.

Zesumme mam Veräin Wikimedia Lëtzebuerg asbl. wëlle mer, als Benotzercommunautéit, dëse Gebuertsdag zesumme feieren.

Geplangt Aktivitéiten

[Quelltext änneren]
  • Konferenz de 26. September an der Nationalbibliotkéik mam Thema De Diderot à Wikipédia – la transformation de l’accès à la connaissance, déi vum Rémi Mathis gehale gëtt. All ons Mataarbechter sinn häerzlech invitéiert. Fir Iech unzemelle klickt einfach op dëse Link a reservéiert Iech eng Plaz
  • Feier den [tbc Sept-Okt 24] [tbc An der Eech zu Leideleng]:
    • Allocutioune vun [tbc] ...
    • Virtrag Invité #1
    • ...
  • Pressekonferenz zum Theema "20 Joer fräit enzyklopedescht Wëssen op Lëtzebuergesch" [Sept. tbc|
  • Artikel an Nos cahiers iwwer d'lb.Wikipedia, deen 2 Wikipedianer virbereeden an deen am Hierscht 2024 verëffentlecht soll ginn.
  • Pressedossier
  • Wikipedia op Lëtzebuergesch: Wat fannen ech do? (PDF)
  • Flyeren
  • Biller, Video, ...
  1. Baséiert op dësem Dump vun der Säit https://dumps.wikimedia.org/lbwiki/20240420/. Well de Fichier kompriméiert ass, muss een e fir d'éischt „entpaken“, fir déi tatsächlech Gréisst ze gesinn.