Wanzen
![]() |
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Wanzen | |||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
![]() Eng Gro Gaardewanz Rhaphigaster nebulosa | |||||||||
Systematik | |||||||||
| |||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||
Heteroptera Latreille, 1810 |
Wanzen (Heteroptera) sinn Insekten, déi zu der Uerdnung vun den Hemiptera gehéieren. Et gëtt eng 40.000 bekannten Aarten op der Welt; an Europa liewen der zirka 1.000. Wanze kënne ganz verschidde Formen hunn an ënnerscheede sech och staark, wat hir Liewensformen oder Liewensraim ubelaangt. Et gëtt der, déi de Jus vu Planze suckelen, aner Aarten iwwerfalen aner Insekten, nees anerer, wéi d'Bettwanz, sinn Ektoparasiten. Wanze liewen a Wisen, um Bord vun an a Bëscher, mä och a mënschleche Wunnengen, z. B. d'Gro Gaardewanz Rhaphigaster nebulosa, déi zënter den 2010er Jore besonnesch am Hierscht opfält, wa s'n Masse versicht, an Haiser anzedrénge fir z'iwwerwanteren.
Wanzen zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]De Biolog Léopold Reichling (1921-2009) huet zu Lëtzebuerg d'Wanzen am Detail ënnersicht an huet am Joer 2001 en Atlas vun den net-aquatesche Wanzen vu Lëtzebuerg erausbruecht.[1]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Reichling, L. 1984. Hétéroptères du Grand-Duché de Luxembourg. 1. Psallus (Hylopsallus) pseudoplatani n. sp. (Miridae, Phylinae) et espèces apparentées. Travaux Scientifiques du Musée d'Histoire Naturelle de Luxembourg, 4 (1): 1-18.
- Reichling, L., 1985. Hétéroptères du Grand-Duché de Luxembourg. 2. Quelques espèces peu connues, rares ou inattendues. Travaux Scientifiques du Musée d'Histoire Naturelle de Luxembourg, 4 (2): 1-45.
- Reichling, L., 2001. Atlas des hétéroptères non-aquatiques du Luxembourg. 134 p. Musée national d'histoire naturelle, Luxembourg. ISBN 2-919877-01-1.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Heteroptera – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Cf. Reichling 1984, 1985 an 2001 an der Literatur.