Trent (Floss)
Ausgesinn
Den Trent ass mat enger Längt vun 297 Kilometer den drëttlängste Floss a Groussbritannien.
En huet seng Quell op enger Héicht vun 275 Meter bei Biddulph Moor an der Grofschaft Staffordshire.
Den Trent leeft no Norden duerch d'Midlands, a leeft op der Héicht vun den Uertschaften Blacktoft an Alborough mat dem Ouse zesummen, fir den Humber ze bilden den an engem groussen Estuaire dem Mouth of Humber bei Grimbsby an d'Nordséi leeft.
Seng wichtegst Nieweflëss sinn: Derwent, Soar an Tame. Stied laanscht de Floss si Stoke-on-Trent, Burton-upon-Trent, Nottingham an Newark.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: River Trent – Biller, Videoen oder Audiodateien |