Torn Curtain
Ausgesinn
Film | |
---|---|
Produktiounsland | USA |
Produktiounsjoer | 1966 |
Première | 14. Juli 1966 |
Dauer | 122 min |
Faarf | Faarweg |
Technicolor | |
Format | 1,85:1 - |
Filmformat | 35 mm |
Originalsprooch |
Englesch Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Alfred Hitchcock |
Dréibuch | Brian Moore |
Fotografie | John F. Warren |
Musek | John Addison |
Schnëtt | Bud Hoffman |
Dekoren | Hein Heckroth |
Costumedesign | Edith Head |
Produzent | Universal Pictures |
Produktiouns- gesellschaft | Universal Studios |
Schauspiller | |
Paul Newman als Michael Armstrong Julie Andrews als Sarah Sherman Lila Kedrova als Gräfin Kuchinska Hansjörg Felmy als Heinrich Gerhard Wolfgang Kieling als Hermann Gromek Ludwig Donath als Gustav Lindt Günter Strack als Karl Manfred David Opatoshu als Jacobi Gisela Fischer als Dr. Koska Alfred Hitchcock | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Torn Curtain ass en US-amerikanesche Film vum Regisseur Alfred Hitchcock aus dem Joer 1966.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Den US-amerikanesche Wëssenschaftler Michael Armstrong (Paul Newman) a seng Assistentin a Fiancée Sarah Sherman (Julie Andrews) huelen zu Kopenhagen un engem internationale Kongress deel. Nom Kongress reest den Armstrong net mat senger Fiancée zeréck an d'USA, mä hie seet hie misst onbedéngt nach op Stockholm fléien. D'Sarah gëtt awer gewuer datt hien net e Fluch op Stockholm gebucht huet, mä datt hien op Ost-Berlin an d'DDR ënnerwee ass…
Cameo-Optrëtt vum Hitchcock
[änneren | Quelltext änneren]Den Hitchcock sëtzt an der Entrée vun engem Hotel mat engem Baby um Schouss. Hien dréint der Kamera de Réck.