Top-Level-Domän
Ausgesinn
En Top-Level-Domän (TLD) ass dat, wat nom leschte Punkt an engem Domän-Numm kënnt. Als Beispill ass am Domän-Numm wikipedia.org den Top-Level-Domän .org.
D'Internet Assigned Numbers Authority ënnerscheet tëscht dräi Typpe vun Domäner:
- déi National Top-Level-Domäner (ccTLD), déi aus zwéi Buschtawe bestinn, zum Beispill .de fir Däitschland, .lu fir Lëtzebuerg oder och nach .jp fir Japan.
- déi Generesch Top-Level-Domäner (gTLD), déi (an der Theorie) vun enger bestëmmter Zort Organisatioun benotzt ginn. .com steet zum Beispill fir commercial, kommerziell. Dës Top-Level-Domäner hunn dräi- oder méi Schrëftzeechen.
- Infrastrukturellen Top-Level-Domän: an dëser Kategorie gëtt et nëmmen den .arpa-Domän.
Historesch TLDen
[änneren | Quelltext änneren]- .bu fir Brunei
- .cs fir d'Tschechoslowakei
- .dd fir d'Däitsch Demokratesch Republik
- .su fir d'Sowjetunioun
- .tp fir Timor-Leste
- .yu fir Jugoslawien
Reservéiert TLDen
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Top-Level-Domänen – Biller, Videoen oder Audiodateien |