Op den Inhalt sprangen

Shisha

Vu Wikipedia
Eng Shisha

Eng Shisha ass eng Waasserpäif mat arabeschen Originnen. Am Géigesaz zum Bong gëtt d'Shisha meeschtens mat Tubak mat verschiddene Fruuchtaromer gefëmmt.

En Etablissement, an deem ee Shisha fëmmen an eppes drénke ass eng Shishabar oder eng Shishalounge.

Ursprong vum Wuert

[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff kënnt vum persesche Wuert shishe (شيشه) fir "Glas". Dëst Wuert gouf an d'Tierkescht şişe ("Fläsch") an an d'Arabescht šīša iwwerholl, wou et an den nordafrikaneschen arabeschen Dialekter de Glaskierper vun der Waasserpäif bezeechent.

Den indesche Begrëff huka (Urdu: حقّہ, Hindi: हुक़्क़ा huqqā, vum arabesche Wuert ḥuqqa (حقة) fir "Gefääss") gëtt och am englesche benotzt, wou d'Shisha Hookah heescht.

Fonctionnement

[änneren | Quelltext änneren]

Den ënneschten Deel vun der Shisha ass eng Vas (Bowl genannt) mat Waasser. Dorop ass eng Dampsail, déi fest op der Vas sëtze muss, fir datt keen Damp erauskënnt. An där Sail geet e Rouer erof an d'Vas bis e puer Zentimeter ënnert d'Waasseruewerfläch. Op der Dampsail ass eng kleng Schossel mat Tubak. Déi Schossel gëtt mat enger Folie ofgedeckt an et gëtt eng waarm Kuel drop geluecht. D'Folie tëscht dem Tubak an der Kuel stellt sécher, datt keng Kuelenäschen an den Damp kommen. Si reduzéiert och d'Temperatur, där den Tubak ausgesat ass, fir datt deen net direkt verbrennt.

Wann de Benotzer vun der Shisha um Schlauch zitt, gëtt Loft iwwer d'Kuel an d'Schossel mam Tubak gezunn. Déi waarm Loft vaporiséiert den Tubak, ouni datt e verbrennt. Deen Damp gëtt da weider duerch d'Rouer vun der Dampsail an d'Vas mam Waasser gezunn. Well den Damp duerch d'Waasser zitt, blubbert et an den Damp gëtt ofgekillt. E sammelt sech am ieweschten Deel vun der Vas, un deen de Schlauch befestegt ass. Wann de Benotzer dann um Schlauch zitt, geet deen Damp a seng Longen an den Ënnerscheed am Loftdrock zitt nei Loft iwwer d'Kuel an d'Schossel mam Tubak, an de ganze Prozess geet erëm vu vir un.t d

Et gëtt verschidden Zorte vu Kuelen, zum Beispill selbstzündend Kuelen, déi ee mam Briquet oder enger Flam umécht. Duerch d'Schwaarzpolver geet se da vum selwen un. D'Naturkuelen dogéint muss ee mat méi héijen Temperaturen umaachen. Se si meeschtens vu Palmholz oder vu Kokosnossschuelen.

Commons: Shishaen – Biller, Videoen oder Audiodateien