Romanesch Sproochen
Ausgesinn
![]() |
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/2c/Romance_Languages-World-Map.png/391px-Romance_Languages-World-Map.png)
D'romanesch Sprooche sinn eng Branche vun der indoeuropäescher Sproochefamill. Si bestinn aus nobäi 40 Sprooche mat ongeféier 900 Millioune Mammesproochler.
![]() |
Lieweg romanesch Sproochen
[änneren | Quelltext änneren]- Spuenesch (Español / Castellano, ronn 470 Millioune Mammesproochler an de spueneschsproochege Länner)
- Portugisesch (Português, ronn 215 Millioune Mammesproochler an de portugiseschsproochege Länner)
- Franséisch (Français, ronn 150 Millioune Mammesproochler an de franséischsproochege Länner)
- Italieenesch (Italiano, 64–85 Millioune Mammesproochler an den italieeneschsproochege Länner, a Kroatien, a Slowenien an a Südamerika)
- Rumänesch (Română, 24–26 Millioune Mammesproochler a Rumänien, Moldawien an an der Ukrain)
- Neapolitanesch (Napulitano, ronn 5,7 Millioune Mammesproochler an Italien)
- Sizilianesch (Sicilianu, ronn 4,7 Milliounen an Italien)
- Katalounesch (Català, ronn 4,1 Milliounen a Spuenien, Andorra an a Frankräich)
- Veneetesch (Vèneto, ronn 3,9 Milliounen an Italien, Slowenien an a Kroatien)
- Lombardesch (Lumbaart, ronn 3,6 Milliounen an Italien an an der Schwäiz)
- Emilianesch-Romagnolesch (Emiliàn e rumagnòl, en Dialektkontinuum mat ronn 3 Millioune Mammesproochler an Italien an zu San Marino)
- Piemonteesesch (Piemontèis, manner wéi 3 Milliounen an Italien)
- Galicesch (Galego, ronn 2,4 Milliounen a Spuenien)
- Extremaduresch (Estremeñu, ronn 1,1 Milliounen a Spuenien)
- Sardesch (Sardu, ronn 1 Millioun Mammesproochler an Italien)
- Picardesch (Picard, manner wéi 700.000 Mammesproochler a Frankräich an an der Belsch)
- Wallounesch (Walon, manner wéi 600.000 Mammesproochler an der Belsch an a Frankräich)
- Okzitanesch (Occitan, manner wéi 580.000 Mammesproochler a Frankräich, Spuenien, Italien an zu Monaco)
- Liguresch (Ligure, ronn 500.000 Mammesproochler an Italien, zu Monaco an a Frankräich)
- Furlanesch (Furlan, ronn 420.000 Mammesproochler an Italien)
- Aromunesch (Armãneashti, ronn 250.000 Mammesproochler op der Balkanhallefinsel)
- Korsesch (Corsu, ronn 200.000 Mammesproochler a Frankräich an an Italien)
- Arpitanesch (Arpetan, ronn 140.000 Mammesproochler a Frankräich, Italien an an der Schwäiz)
- Jiddespuenesch (Ladino / Djudeo-espanyol, ronn 122.000 an Israel, an der Tierkei, a Südeuropa an an Nord- a Südamerika)
- Asturesch (Asturianu, ronn 110.000 Mammesproochler a Spuenien)
- Normannesch (Nouormand, ronn 100.000 Mammesproochler a Frankräich, op Jersey an op Guernsey)
- Sassareesesch (Sassaresu, manner wéi 100.000 Mammesproochler an Italien)
- Rätoromanesch (Rumantsch, 36.600 Mammesproochler an der Schwäiz)
- Ladinesch (Ladin, ronn 31.000 Mammesproochler an Italien)
- Aragoneesesch (Aragonés, 25.500 Mammesproochler a Spuenien)
- Mirandeesesch (Mirandés, ronn 10.000–15.000 Mammesproochler a Portugal)
- Fala-Sprooch (Chalimegu / A fala, manner wéi 11.000 Mammesproochler a Spuenien)
- Meglenorumänesch (Vlășéște, ronn 5.000 Mammesproochler a Griicheland an an Nordmazedonien)
- Minderico (Piação do Ninhou, manner wéi 500 Mammesproochler a Portugal)
- Istresch (Eîstrian, ronn 400 Mammesproochler a Kroatien)
- Istrorumänesch (Vlåškę, ronn 300 Mammesproochler a Kroatien)
- Jiddenitalieenesch (ג'יודו-איטאליאנו / Giudeo-italiano, 250 Mammesproochler an Italien)
... an och :
- Dalmatesch (Dalmot / Veklisúṅ, eng ausgestuerwe Sprooch vu Kroatien a vum Montenegro mat manner wéi 20 Sproochler bei de Sproochrevitalisatiounsaktivisten)
- Latäin (Latina, den ausgestuerwene Virgänger vun alle romanesche Sproochen, d'offiziell Sprooch am Vatikan; kuckt och zäitgenëssescht Latäin (Latinitas viva))