Op den Inhalt sprangen

Roland Moreno

Vu Wikipedia
Roland Moreno
Gebuertsnumm Roland Charles David Moreno
Pseudonym Laure Dynateur
Gebuer 11. Juni 1945
Kairo
Gestuerwen 29. Abrëll 2012
6. Arrondissement
Doudesursaach Longenembolie
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Condorcet
Aktivitéit Erfinder, Journalist, Geschäftspersoun

De Roland Moreno, gebuer den 11. Juni 1945 zu Kairo, a gestuerwen den 29. Abrëll 2012, war e franséischen Erfinder. Hie gëllt als den Erfinder vun der Chipkaart.[1]

An den 1970er Joren huet de Roland Moreno e System patentéiere gelooss, wou op engem klengen, portabelen Objet e Mikrochip implantéiert ass, mat Hëllef wouvun ee bezuelen oder sech identifizéiere kéint.

Seng Erfindung huet zu der Chipkaart gefouert, déi zu villfältegem Asaz ka kommen, wéi z. B. als Bank- oder Kreditkaart, Telefonskaart, Sozialversécherungs- oder Identitéitskaart, SIM-Kaart, Fürerschäin, asw.

De Moreno huet och a Filmer matgespillt, an un aneren technologeschen Erfindunge gezwafft, wéi z. B. enger Software, déi Musek automatesch mat Gedichter kombinéiere sollt.

Commons: Roland Moreno – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (en) ComputerWorld Honors: The 1997 Monticello Memoirs Fellows konsultéiert den 3. August 2011.