Regierung de Tornaco
D'Regierung de Tornaco war vum 26. September 1860 bis den 3. Dezember 1867 am Amt. Si gouf am Ganze sechsmol ëmgebilt.
An d'Regierungszäit vum Victor de Tornaco fale wichteg aussepolitesch Evenementer, wéi d'Opléise vum Däitsche Bond, 1866, nom Däitsch-Éisträichesche Krich, an de Versuch vum Napoleon III., fir vum Wëllem III. Lëtzebuerg ofzekafen, wat awer wéinst dem Widderstand vum Bismarck verhënnert gouf. Zu London gouf eng Léisung aus dëser Lag fonnt, andeems an engem Traité festgehale gouf, datt d'preisesch Garnisoun misst ofgezu ginn, d'Festung Lëtzebuerg geschleeft a Lëtzebuerg op éiweg neutral an onofhängeg erkläert gouf.
An deene Jore goufen och d'Eisebunnslinnen iwwer Waasserbëlleg op Tréier an iwwer Ettelbréck op Gouvy ausgebaut, woumat och d'Siderurgie e weideren Opdriff krut.
Zesummesetzung
[änneren | Quelltext änneren]Vum 26. September 1860 bis den 9. September 1863
[änneren | Quelltext änneren]Nodeems de Staatsminister Mathias Simons an och de Generaldirekter Édouard Thilges vun hire jeeweilege Funktiounen zeréckgetruede sinn[1][2], gëtt de Victor de Tornaco neie Staatsminister. Seng Regierung setzt sech esou zesummen:
- Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen a Bauten[3]
- Jean Ulveling: Generaldirekter fir d'Finanzen
- Michel Jonas: Generaldirekter fir den Interieur a fir d'Justiz[4]
Vum 9. September 1863 bis den 31. Mäerz 1864
[änneren | Quelltext änneren]De Jonas huet demissionéiert[5] a gëtt mam Bernard-Hubert Neuman ersat.
- Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen an Ëffentlech Aarbechten
- Jean Ulveling: Generaldirekter fir d'Finanzen
- Bernard-Hubert Neuman: Generaldirekter fir den Interieur a fir d'Justiz[6]
-
Victor de Tornaco
-
Jean Ulveling
-
Bernard-Hubert Neuman
Vum 31. Mäerz 1864 bis de 26. Januar 1866
[änneren | Quelltext änneren]Enn Mäerz 1864 ass den Neuman zeréckgetrueden[7] an doropshi gëtt d'Regierung nei organiséiert, andeem véier Generaladministratioune festgehale ginn[8]:
- Affaires étrangères, dozou gehéiert ë. a. och: Milice et affaires militaires, Cultes, Sciences et arts, Agriculture, commerce et industrie, Fêtes et cérémonies publiques
- Intérieur et Travaux publics, dozou gehéiert ë. a. och: Administration communale, établissements et travaux communaux, Administration forestière, Service sanitaire, Travaux publics, Voirie vicinale, Chemins de fer, Mines
- Justice, dozou gehéiert ë. a. och: Police générale, service de la gendarmerie, Presse, Instruction supérieure et moyenne, Instruction primaire, écoles normales
- Finances, dozou gehéiert ë. a. och: Contributions directes, accises, cadastre, régie du sel, poids et mesures, Caisse d'épargne, Enregistrement et domaines, Douanes
D'Regierung ass elo esou opgestallt:
- Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
- Ernest Simons: Generaldirekter fir den Interieur an Ëffentlech Aarbechten[9]
- Henri Vannerus: Generaldirekter fir d'Justiz[9]
- Jean Ulveling: Generaldirekter fir d'Finanzen. Hien ass zäitweis (vum 29. Juni 1864 un) Delegéierten vum Staatsminister fir verschidden Aufgaben déi ënnert d'Aussebezéiunge falen[10].
Vum 26. Januar 1866 bis den 3. Dezember 1866
[änneren | Quelltext änneren]Wéinst enger Reorganisatioun vun de Regierungsdepartementer kënnt et zu enger neier Opdeelung vun de Portefeuillen. De Ressort vun den Ëffentlechen Aarbechten (Travaux publics, Voirie vicinale, Mines, Usines sur les cours d'eau, Machines à vapeur) gëtt an d'Generaldirektioun fir Aussebezéiunge geprafft, iwwerdeems d'Eisebunn an den Telegrafendéngscht an d'Finanze wiesselen[11].
D'Ressorte sinn elo esou verdeelt:
- Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
- Jean Ulveling: Generaldirekter fir den Interieur
- Henri Vannerus: Generaldirekter fir d'Justiz
- Ernest Simons: Generaldirekter fir d'Finanzen
Vum 3. bis de 14. Dezember 1866
[änneren | Quelltext änneren]De Vannerus an de Simons demissionéieren[12][13], et gëtt en neie Generaldirekter ernannt an d'Regierung gëtt reorganiséiert[14]. Aus bis elo véier gëtt et vun elo u just nach dräi Generaldirektiounen (d'Justiz an d'Finanze ginn zesummegeluecht)[14].
- Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
- Jean Ulveling: Generaldirekter fir den Interieur
- Léon de la Fontaine: Generaldirekter fir d'Justiz an d'Finanzen[15]
-
Victor de Tornaco
-
Jean Ulveling
-
Léon de la Fontaine
Vum 14. Dezember 1866 bis den 18. Juni 1867
[änneren | Quelltext änneren]Den Ulveling läit säi Mandat néier[16], a seng Plaz kommen de Jean Colnel-d'Huart an de Félix de Blochausen[17]. D'Regierung besteet nees aus véier Generaldirektiounen[18]:
- Affaires étrangères
- Intérieur, kritt d'Ëffentlechen Aarbechten (Travaux publics, Voirie vicinale, Mines, Usines sur les cours d'eau, Machines à vapeur) vun den Affaires étrangères zeréck
- Justice, kritt Agriculture, commerce et industrie vun den Affaires étrangères zeréck
- Finances
D'Generaldirektioune sinn elo esou opgedeelt:
- Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
- Félix de Blochausen: Generaldirekter fir den Interieur
- Léon de la Fontaine: Generaldirekter fir d'Justiz
- Jean Colnet d'Huart: Generaldirekter fir d'Finanzen
-
Victor de Tornaco
-
Félix de Blochausen
-
Léon de la Fontaine
-
Jean Colnet d'Huart
Vum 18. Juni 1867 bis den 3. Dezember 1867
[änneren | Quelltext änneren]Mat der Demissioun vum de la Fontaine[19] gëtt d'Regierung alt nees reorganiséiert an et bleiwe provisoresch just nach dräi Generaldirektiounen (déi fir d'Justiz gëtt ofgeschaaft)[20]:
- Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen; provisoresch derbäi ass och elo ë. a.: Agriculture, commerce et industrie
- Jean Colnet d'Huart: Generaldirekter fir d'Finanzen; provisoresch derbäi ass och elo ë. a.: Service sanitaire, Postes et messageries, Bienfaisance publique
- Félix de Blochausen: Generaldirekter fir den Interieur; provisoresch derbäi ass och elo ë. a.: Ordre judiciaire, Police générale, Service de la gendarmerie, Presse
Den 3. Dezember 1867 koum et zu engem majoritäre Vott géint d'Regierung de Tornaco, där d'Oppositioun virgeworf huet, bei de Verhandlungen zu London eng ze vill passiv Haltung ageholl ze hunn. Den Emmanuel Servais gouf als Nofollger vum de Tornaco bestëmmt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Thewes, Guy: Les gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848, ISBN 2-87999-118-8
- Le gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg 2013, Service information et presse du gouvernement (2014)
- Le gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg 2018 , Service information et presse du gouvernement (2019)
- ↑ (fr)Arrêté royal grand-ducal du 26 septembre 1860 accordant au Sieur Simons démission honorable de ses fonctions de Ministre d'État. data.legilux.public.lu (26.09.1860). Gekuckt de(n) 24.11.2023.
- ↑ (fr)Arrêté royal grand-ducal du 26 septembre 1860 accordant au sieur Thilges démission honorable de ses fonctions de Directeur-général de l'intérieur et de la justice. data.legilux.public.lu (26.09.1860). Gekuckt de(n) 24.11.2023.
- ↑ (fr)Arrêté royal grand-ducal du 26 septembre 1860 nommant le baron de Tornaco aux fonctions de Ministre d'État, Président du Gouvernement. data.legilux.public.lu (26.09.1860). Gekuckt de(n) 24.11.2023.
- ↑ (fr)Arrêté royal grand-ducal du 26 septembre 1860 nommant le Sieur Jonas aux fonctions de Directeur-général. data.legilux.public.lu (26.09.1860). Gekuckt de(n) 24.11.2023.
- ↑ (fr)Arrêté royal grand-ducal du 8 septembre 1863 accordant au Sieur Jonas démission honorable de ses fonctions de Directeur-général de l'intérieur et de la justice. data.legilux.public.lu (08.09.1863). Gekuckt de(n) 24.11.2023.
- ↑ (fr)Arrêté royal grand-ducal du 9 septembre 1863 nommant le Sieur B.-H. Neuman aux fonction de Directeur-général. data.legilux.public.lu (09.09.1863). Gekuckt de(n) 24.11.2023.
- ↑ (fr)Arrêté royal grand-ducal du 31 mars 1864, N° 175, accordant au sieur Neuman démission honorable de ses fonctions de Directeur-général de l'intérieur et de la justice. data.legilux.public.lu (31.03.1864). Gekuckt de(n) 24.11.2023.
- ↑ (fr)Arrêté royal grand-ducal du 31 mars 1864, n°176, portant répartition des services publics en quatre Directions générales. data.legilux.public.lu (31.03.1864). Gekuckt de(n) 24.11.2023.
- ↑ 9,0 9,1 (fr)Arrêté royal grand-ducal du 31 mars 1864, N° 177, portant nomination des sieurs E. Simons et H. Vannerus aux fonctions de Directeurs-généraux. data.legilux.public.lu (31.03.1864). Gekuckt de(n) 24.11.2023.
- ↑ (fr)Arrêté du 29 juin 1864 déterminant les attributions du Conseiller Secrétaire-général du Gouvernement. data.legilux.public.lu (29.06.1864). Gekuckt de(n) 24.11.2023.
- ↑ (fr)Arrêté royal grand-ducal du 26 janvier 1866, portant une nouvelle répartition des services publics. data.legilux.public.lu (26.01.1866). Gekuckt de(n) 24.11.2023.
- ↑ (fr)Arrêté royal grand-ducal du 3 décembre 1866 accordant au Sieur H. Vannerus démission honorable de ses fonctions de Directeur-général de la justice. data.legilux.public.lu (03.12.1866). Gekuckt de(n) 24.11.2023.
- ↑ (fr)Arrêté royal grand-ducal du 3 décembre 1866 accordant au Sieur E. Simons démission honorable de ses fonctions de Directeur-général des finances. data.legilux.public.lu (03.12.1866). Gekuckt de(n) 24.11.2023.
- ↑ 14,0 14,1 (fr)Arrêté royal grand-ducal du 3 décembre 1866, portant une nouvelle répartition des services publics. data.legilux.public.lu (03.12.1866). Gekuckt de(n) 24.11.2023.
- ↑ (fr)Arrêté royal grand-ducal du 3 décembre 1866 portant nomination du Sieur L. de la Fontaine aux fonctions de Directeur-général. data.legilux.public.lu (03.12.1866). Gekuckt de(n) 24.11.2023.
- ↑ (fr)Arrêté royal grand-ducal du 14 décembre 1866 accordant au Sieur Ulveling démission honorable de ses fonctions de Directeur-général de I'intérieur. data.legilux.public.lu (14.12.1866). Gekuckt de(n) 24.11.2023.
- ↑ (fr)Arrêté royal grand-ducal du 14 décembre 1866 portant nomination des Sieurs de Colnel-d'Huart et baron Félix de Blochausen aux fonctions de Directeurs-généraux. data.legilux.public.lu (14.12.1866). Gekuckt de(n) 24.11.2023.
- ↑ (fr)Arrêté royal grand-ducal du 15 décembre 1866, portant une nouvelle répartition des services publics. data.legilux.public.lu (15.12.1866). Gekuckt de(n) 24.11.2023.
- ↑ (fr)Arrêté royal grand-ducal du 18 juin 1867 accordant au Sieur L. de la Fontaine démission honorable de ses fonctions de Directeur-général de la justice. data.legilux.public.lu (18.06.1867). Gekuckt de(n) 24.11.2023.
- ↑ (fr)Arrêté royal grand-ducal du 18 juin 1867, portant une nouvelle répartition des services publics. data.legilux.public.lu (18.06.1867). Gekuckt de(n) 24.11.2023.