Regierung Bettel-Lenert-Bausch
D'Regierung Bettel-Lenert-Bausch war no enger Ëmbildung, vum 5. Januar 2022 bis de 17. November 2023 den Numm vun enger Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an Déi Gréng, déi aus de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 zu Lëtzebuerg ervirgaangen ass.
Vum 5. Dezember 2018 bis den 11. Oktober 2019 gouf si Regierung Bettel-Schneider-Braz genannt, vun do u bis de 4. Februar 2020 Regierung Bettel-Schneider-Bausch, a vun dunn bis de 5. Januar 2022 Regierung Bettel-Kersch-Bausch. Vereinfacht gëtt och alt vu Bettel II geschwat.
Si baséiert um Koalitiounsaccord[1] tëscht dësen dräi Parteien, dee vun allen dräi de 4. Dezember 2018 guttgeheescht gouf[2]. De 5. Dezember 2018 gouf se vereedegt[3],[4].
Et ass dëst déi selwecht Koalitioun wéi an der viregter Legislaturperiod, a se gëtt dofir, wéinst de Faarwe Rout, Blo a Gréng, déi d'Parteie symboliséieren, an aus Analogie zu deenen am Fändel vu Gambia, och alt Gambia II genannt.
Si bestoung aus engem Premierminister a 16 Ministeren.
Den 11. Oktober 2019 koum et zu enger Ëmbildung, well de Justiz- a Vizepremier Felix Braz aus gesondheetleche Grënn seng ministeriell Tâche net weider erfëlle konnt[5].
De 4. Februar 2020 koum et zu enger weiderer Ëmbildung, wéi de Vizepremier Etienne Schneider, op eegene Wonsch, als Minister opgehalen huet, an den Dan Kersch amplaz vun him Vizepremier gouf[6].
Bei den zwou Kéiere koum et zu liichte Verännerunge bei der Verdeelung vun de Portefeuillen; den Henri Kox, respektiv de Franz Fayot, koumen nei an d'Regierung.
Den 23. Juli 2020 gouf den Henri Kox Minister fir Bannescht Sécherheet (amplaz vum François Bausch), bis dohi war hien delegéierte Minister[7].
Nom Récktrëtt vum Dan Kersch, Romain Schneider a Pierre Gramegna koum et de 5. Januar 2022 zu enger weiderer Ëmbildung: De Georges Engel, Claude Haagen, an d'Yuriko Backes hunn deenen hir Portefeuillen; iwwerholl; d'Paulette Lenert gouf nei Vizepremierministesch[8].
Nom Récktrëtt vun der Carole Dieschbourg, Ministesch fir Nohaltegkeet, Ëmwelt a Klima, den 22. Abrëll 2022, an enge kuerzem Interim vum Claude Turmes am Ëmweltministère[9], gouf d'Joëlle Welfring (Déi Gréng) den 2. Mee 2022 als nei Ministesch vereedegt[10][11][12].
De 15. Juli 2023 koum et zu der leschter Ännerung, wéi de Max Hahn d'Corinne Cahen am Ressort Familljeministère ersat huet.[13]
Zesummesetzung
[änneren | Quelltext änneren](Stand: 15. Juni 2023)
Regierung Bettel-Lenert-Bausch – vum 5. Januar 2022 bis de 17. November 2023
[änneren | Quelltext änneren]- Xavier Bettel (DP): Premierminister; Minister fir Medien, Kommunikatioun a fir de Kultus; Minister fir Digitaliséierung; Minister fir Verwaltungsreform;
- Paulette Lenert (LSAP): Vizepremierministesch; Gesondheetsministesch, Delegéiert Ministesch fir Sozialversécherung; Ministesch fir Konsumenteschutz;
- François Bausch (Déi Gréng): Vizepremierminister, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten; Minister fir bannenzeg Sécherheet (bis 23.7.2020); Verdeedegungsminister;
- Jean Asselborn (LSAP): Ausseminister a Minister fir Europäesch Affairen, Minister fir Immigratioun an Asyl;
- Claude Meisch (DP): Minister fir Erzéiung, Kandheet a Jugend; Minister fir Fuerschung, Héichschoulen a Beruffsausbildung;
- Marc Hansen (DP): Minister fir d'Fonction publique an d'Relatioune mam Parlament; delegéierte Minister fir Digitalisatioun a fir d'Verwaltungsreform;
- Claude Turmes (Déi Gréng): Minister fir Landesplanung an Energie; zanter dem 25. Abrëll 2022 ad interim och Minister fir Nohaltegkeet, Ëmwelt a Klima;
- Sam Tanson (Déi Gréng): Ministesch fir Kultur; Justizministesch;
- Taina Bofferding (LSAP): Inneministesch, Ministesch fir Chancëgläichheet;
- Lex Delles (DP): Minister fir de Mëttelstand an den Tourismus;
- Henri Kox (Déi Gréng): Minister fir de Logement; delegéierte Minister fir Verdeedegung; delegéierte Minister fir bannescht Sécherheet (zanter dem 23. Juli 2020: Minister fir bannescht Sécherheet);
- Franz Fayot (LSAP): Minister fir Economie; Minister fir Kooperatioun;
- Claude Haagen (LSAP): Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung; Minister fir Sozialversécherung;
- Georges Engel (LSAP): Minister fir Sport, Aarbecht, Emploi a Sozial-a solidaresch Ekonomie;
- Yuriko Backes (DP): Finanzministesch;
- Joëlle Welfring (Déi Gréng): Ministesch fir Nohaltegkeet, Ëmwelt a Klima (zanter dem 2. Mee 2022; ersetzt d'Carole Dieschbourg);
- Max Hahn (DP): Minister fir Famill an Integratioun, Minister fir d'Groussregioun (zanter dem 15. Juni 2023; ersetzt d'Corinne Cahen).
Regierung Bettel-Kersch-Bausch – vum 4. Februar 2020 bis de 5. Januar 2022
[änneren | Quelltext änneren]- Xavier Bettel (DP): Premierminister; Minister fir Medien, Kommunikatioun a fir de Kultus; Minister fir Digitaliséierung; Minister fir Verwaltungsreform;
- Dan Kersch (LSAP): Vizepremierminister; Minister fir Sport, Aarbecht, Emploi a Sozial-a solidaresch Ekonomie;
- François Bausch (Déi Gréng): Vizepremierminister, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten; Minister fir bannenzeg Sécherheet (bis 23.7.2020); Verdeedegungsminister;
- Jean Asselborn (LSAP): Ausseminister a Minister fir Europäesch Affairen, Minister fir Immigratioun an Asyl;
- Romain Schneider (LSAP): Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Minister fir Sozialversécherung;
- Pierre Gramegna (DP): Finanzminister;
- Claude Meisch (DP): Minister fir Erzéiung, Kandheet a Jugend; Minister fir Fuerschung, Héichschoulen a Beruffsausbildung;
- Corinne Cahen (DP): Ministesch fir Famill an Integratioun, Ministesch fir d'Groussregioun;
- Carole Dieschbourg (Déi Gréng): Ministesch fir Nohaltegkeet, Ëmwelt a Klima;
- Marc Hansen (DP): Minister fir d'Fonction publique an d'Relatioune mam Parlament; delegéierte Minister fir Digitalisatioun a fir d'Verwaltungsreform;
- Claude Turmes (Déi Gréng): Minister fir Landesplanung an Energie;
- Paulette Lenert (LSAP): Gesondheetsministesch, Delegéiert Ministesch fir Sozialversécherung; Ministesch fir Konsumenteschutz;
- Sam Tanson (Déi Gréng): Ministesch fir Kultur; Justizministesch;
- Taina Bofferding (LSAP): Inneministesch, Ministesch fir Chancëgläichheet;
- Lex Delles (DP): Minister fir de Mëttelstand an den Tourismus;
- Henri Kox (déi Gréng): Minister fir de Logement; delegéierte Minister fir Verdeedegung; delegéierte Minister fir bannescht Sécherheet (zanter dem 23. Juli 2020: Minister fir bannescht Sécherheet);
- Franz Fayot (LSAP): Minister fir Ekonomie; Minister fir Kooperatioun.
Regierung Bettel-Schneider-Bausch – 11. Oktober 2019 bis 4. Februar 2020
[änneren | Quelltext änneren]- Xavier Bettel (DP): Premierminister; Minister fir Medien, Kommunikatioun a fir de Kultus; Minister fir Digitaliséierung; Minister fir Verwaltungsreform;
- Etienne Schneider (LSAP): Vizepremierminister; Wirtschaftsminister; Gesondheetsminister;
- François Bausch (Déi Gréng): Vizepremierminister, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, Minister fir bannenzeg Sécherheet; Verdeedegungsminister;
- Jean Asselborn (LSAP): Ausseminister a Minister fir Europäesch Affairen, Minister fir Immigratioun an Asyl;
- Romain Schneider (LSAP): Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Minister fir Sozialversécherung;
- Pierre Gramegna (DP): Finanzminister;
- Dan Kersch (LSAP): Minister fir Aarbecht a fir Solidarwirtschaft, Minister fir Sport;
- Claude Meisch (DP): Minister fir Erzéiung, Kandheet a Jugend; Minister fir Fuerschung, Héichschoulen a Beruffsausbildung.
- Corinne Cahen (DP): Ministesch fir Famill an Integratioun, Ministesch fir d'Groussregioun;
- Carole Dieschbourg (Déi Gréng): Ministesch fir Nohaltegkeet, Ëmwelt a Klima;
- Marc Hansen (DP): Minister fir d'Fonction publique an d'Relatioune mam Parlament; delegéierte Minister fir Digitalisatioun a fir d'Verwaltungsreform;
- Claude Turmes (Déi Gréng): Minister fir Landesplanung an Energie;
- Paulette Lenert (LSAP): Kooperatiounsministesch, Ministesch fir Konsumenteschutz;
- Sam Tanson (Déi Gréng): Ministesch fir Kultur; Justizministesch;
- Taina Bofferding (LSAP): Inneministesch, Ministesch fir Chancëgläichheet;
- Lex Delles (DP): Minister fir de Mëttelstand an den Tourismus;
- Henri Kox (Déi Gréng): Minister fir de Logement; delegéierte Minister fir Verdeedegung; delegéierte Minister fir bannescht Sécherheet.
Regierung Bettel-Schneider-Braz – 5. Dezember 2018 bis 11. Oktober 2019
[änneren | Quelltext änneren]- Xavier Bettel (DP): Premierminister; Minister fir Medien, Kommunikatioun a fir de Kultus;[14]
- Etienne Schneider (LSAP): Vizepremierminister; Aussenhandels- a Wirtschaftsminister; Gesondheetsminister;
- Félix Braz (Déi Gréng): Vizepremierminister, Justizminister;
- Jean Asselborn (LSAP): Ausseminister, Minister fir Immigratioun an Asyl;
- Romain Schneider (LSAP): Minister fir Landwirtschaft a Sozialversécherung;
- François Bausch (Déi Gréng): Minister fir Mobilitéit, Infrastrukturen, bannenzeg Sécherheet an Defense;
- Pierre Gramegna (DP): Finanzminister, Minister fir den Tresor an de Budget;
- Dan Kersch (LSAP): Minister fir Aarbecht a fir Solidarwirtschaft, Minister fir Sport;
- Claude Meisch (DP): Minister fir Erzéiung, Kandheet a Jugend; Minister fir Fuerschung, Héichschoulen a Beruffsausbildung.
- Corinne Cahen (DP): Ministesch fir Famill an Integratioun, Ministesch fir d'Groussregioun;
- Carole Dieschbourg (Déi Gréng): Ministesch fir Nohaltegkeet, Ëmwelt a Klima;
- Marc Hansen (DP): Minister fir d'Fonction publique an d'Relatioune mam Parlament; delegéierte Minister fir Digitalisatioun a fir d'administrativer Reform;
- Claude Turmes (Déi Gréng): Minister fir Landesplanung an Energie;
- Paulette Lenert (LSAP): Kooperatiounsministesch, Ministesch fir Konsumenteschutz;
- Sam Tanson (Déi Gréng): Ministesch fir Logement a Kultur;
- Taina Bofferding (LSAP): Inneministesch, Ministesch fir Chancëgläichheet;
- Lex Delles (DP): Minister fir de Mëttelstand an den Tourismus.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- "Assermentation des membres du gouvernement 2018." op gouvernement.lu, 2018-12-05.
- Thewes, Guy: Les gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848, ISBN 2-87999-118-8
- Le gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg 2013, Service information et presse du gouvernement (2014)
- Le gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg 2018 , Service information et presse du gouvernement (2019)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Accord de coalition 2018-2023" (PDF) op gouvernement.lu.
- ↑ "Signature de l'accord de coalition." Communiqué op gouvernement.lu, 03.12.2018.
- ↑ "Neue Regierungsmitglieder vereidigt." wort.lu, 05.12.2018.
- ↑ "Nei Regierung ass vereedegt." rtl.lu, 05.12.2018, 14:53:49.
- ↑ "Remaniement gouvernemental." Communiqué op gouvernement.lu, 11.10.2019.
- ↑ "Remaniement ministrériel." Communiqué op gouvernement.lu, 4. Feb. 2020.
- ↑ (lb)Regierungsëmbildung betreffend d'Kompetenze vun der Verdeedegung an der bannenzeger Sécherheet. gouvernement.lu (23.07.2020). Gekuckt de(n) 24.07.2020.
- ↑ "Passation de pouvoir vu Yuriko Backes, Claude Haagen a Georges Engel." rtl.lu, 30.12.2021.
- ↑ Arrêté grand-ducal du 22 avril 2022 portant attribution temporaire de compétences ministérielles à Monsieur Claude Turmes, Ministre. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 25.04.2022.
- ↑ "Regierungsëmbildung." Communiqué op gouverenement.lu, 2. Mee 2022.
- ↑ (fr)Arrêté grand-ducal du 2 mai 2022 portant nomination de Madame Joëlle WELFRING à la fonction de Ministre. - Legilux. legilux.public.lu (02.05.2022). Gekuckt de(n) 04.05.2022.
- ↑ (fr)Arrêté grand-ducal du 2 mai 2022 portant attribution des compétences ministérielles aux membres du Gouvernement. - Legilux. legilux.public.lu (02.05.2022). Gekuckt de(n) 04.05.2022.
- ↑ .
- ↑ Arrêté grand-ducal du 5 décembre 2018 portant attribution des compétences ministérielles aux membres du Gouvernement.