Ray Manzarek
Ausgesinn
Ray Manzarek | |
---|---|
Gebuertsnumm | Raymond Daniel Manzarek Jr. |
Gebuer |
12. Februar 1939 Chicago |
Gestuerwen |
20. Mee 2013 Rosenheim |
Doudesursaach | Galekanalkarzinom |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Universitéit vu Kalifornien zu Los Angeles, UCLA School of Theater, Film and Television |
Aktivitéit | Regisseur, Keyboarder, Komponist, Dichter, Museksproduzent, Pianist, Sänger |
Member vun | The Doors |
De Raymond Daniel ("Ray") Manzarek, gebuer den 12. Februar 1939 zu Chicago a gestuerwen den 20. Mee 2013 zu Rosenheim, war en US-amerikanesche Keyboard-Spiller. Bekannt ass hie virun allem als Grënnungsmember a Keyboard-Spiller vun der Grupp The Doors.
Nom Doud vum Matgrënner a Sänger Jim Morrisson huet de Manzarek weiderhin, a verschiddene Formatiounen, dorënner mam Ex-Doors Museker Robby Krieger, meeschtens um Piano, musizéiert. Och deen een oder anere Film huet hie realiséiert (Love Her Madly (2000), L.A. Woman (2005)).
1998 huet hie seng Autobiographie ënner dem Titel Light My Fire: My Life with The Doors publizéiert.
Discographie
[änneren | Quelltext änneren]- Soloalbumen
- The Golden Scarab (1973)
- The Whole Thing Started With Rock & Roll Now It's Out of Control (1974)
- Carmina Burana (1983)
- Love Her Madly (2006)
- Ballads Before the Rain (mam Roy Rogers) (2008)
- Translucent Blue (mam Roy Rogers) (2011)
- mat Nite City
- Nite City (1977)
- Golden Days Diamond Nights (1978)
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
De Manzarek (vir) mat The Doors (1968)
-
De Manzarek (lénks, 1985)
-
Zu Milano (2012)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ray Manzarek – Biller, Videoen oder Audiodateien |