Räucherstäbchen

E Räucherstäbchen ass e Béngelchen aus Holz, dee mat organescher Matière, wéi z. B. ethereschen Ueleger, bedeckt an/oder impregnéiert ass. De Bengelche gëtt ugefaangen a verglousse gelooss, soudatt de Geroch vun der parfüméierter Matière mam Damp an d'Loft iwwergeet.
De Sënn an Zweck vum Ofglousse vu Räucherstäbercher ka sinn, fir datt et am Raum gutt richt, awer och, jee nodeem, fir Insekten ze verdreiwen oder, an engem reliéis-zeremonielle Kontext 'béis Geeschter ewechzehalen', respektiv Persounen an hirer Meditatioun z'ënnerstëtzen. Si ginn an allen asiatesche Länner am Buddhismus, Hinduismus, Konfuzianismus an Daoismus an Tempelen, bei Zeremonien a Meditatiounen benotzt. Dem Damp gëtt eng rengegend Wierkung nogesot.
An Tempele ginn dacks Räucherstäbercher a Schuele mat Sand gestach. Fir eenzel Stäbercher gëtt et Halteren aus Metall, Keramik, Specksteen oder Holz. Hëlzen Haltere si meeschtens aus Tropenholz. Si kënne wéi en einfacht Brietche mat engem ageluechte Kullang oder a Këschteform gemaach sinn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Räucherstäbercher – Biller, Videoen oder Audiodateien |