Op den Inhalt sprangen

Pierre Thomas (Paschtouer)

Vu Wikipedia
Pierre Thomas
Gebuer 3. Januar 1793
Bruch
Gestuerwen 17. Mäerz 1870
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Paschtouer

De Pierre (Peter) Thomas, gebuer den 3. Januar 1793[1] zu Bruch, a gestuerwen de 17. Mäerz 1870 zu Iechternach, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen.

De Pierre Thomas ass den 19. September 1818 zu Metz zum Priister geweit ginn. Vum 1. Oktober 1818 u war hie Vicaire zu Bartreng a vum 1. Abrëll 1823 Paschtouer zu Stroossen. Den 22. November 1837 huet de Bëschof vun Namur hien Deche gemaach; hie war zoustänneg fir d'Pare vum Kanton Lëtzebuerg-Nord, déi deemools wéi de Gros vum Land zënter 1830 zu der Belsch gehéiert hunn.[2][3]

Dechen zu Iechternach

[änneren | Quelltext änneren]

Den 21. Mee 1842 koum de Pierre Thomas als Dechen (curé-doyen) op Iechternach.[3] Hien huet sech vun Ufank u fir d'Ausbessere vun der Parkierch an der Muttergotteskapell agesat.[4] An der Parkierch huet hien 1846 den Duxall méi niddreg leeë gelooss an op seng Käschten eng nei Uergel baue gelooss. Ronderëm d'Kierch huet hien 1853 zwou nei Trapen uleeë gelooss.[2] E besonnescht Uleies war him d'Restauratioun an d'Vergréisserung vun der Kräizkapell. Viraarbechten hunn 1849 ugefaangen an d'Aarbechten hu sech bis 1864 higezunn. Och hei huet den Thomas eege Suen dragestach, nieft ëffentleche Gelder a private Spenden.[4]

Dem Willibrord säi Graf

[änneren | Quelltext änneren]

Den 19. Dezember 1861 huet den Dechen Thomas zesummen mat enger heifir ernannter Kommissioun dem Willibrord säi Graf opmaache gelooss an e Protokoll iwwer den Zoustand vun de Reliquien (Knachen) opgestallt, deen un de Provikar Adames geschéckt gouf.[5]

D'Rettung vun der Iechternacher Basilika

[änneren | Quelltext änneren]

Als Deche war de Pierre Thomas ipso facto laut de Statute Member vum Willibrordus-Bauveräin, dee sech am Dezember 1861 provisoresch an am Laf vum Joer 1862 definitiv konstituéiert huet, fir d'Iechternacher Basilika, déi fréier Abteikierch, nees opzebauen.[6]

Am Joer 1868 waren d'Aarbechten ofgeschloss. Déi feierlech Konsekratioun vun der nei erstanener Kierch am September 1868, déi mat dem P. Thomas sengem 50järege Priisterjubiläum zesummegefall ass, war sécher den Héichpunkt vun deem senger Carrière. De Programm vun de Feierlechkeeten, déi sech iwwer véier Deeg higezunn hunn, huet esou ausgesinn: feierlechen Empfang vum Bëschof (20. September); Konsekratioun vun der Kierch (21. September); Feier vum Thomas sengem Priisterjubiläum (22. September); feierleche Requiem (23. September).[7]

Vum Mee 1869 u gouf d'Sonndesmass an der Basilika zelebréiert. D'Parkierch war awer nach ëmmer d'Péitrus a Paulus-Kierch.[8]

  • Anonyme, 1870. Echternach, le 23 mars 1870. Luxemburger Wort 1870-03-26, S. 1-2, Nr. 72.
  • Arendt, K., 1972. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes mit biographischen Notizen. Neuauflage. Luxemburg, Ed. Kutter, 514 S. + 6 S.
  • Didier, N., 1940. Die berufenen Wächter am Grabe des heiligen Willibrord im 19. und 20. Jahrhundert. In: N. Goetzinger (Hrsg.): Willibrordus. Echternacher Festschrift zur XII. Jahrhundertfeier des Todes des heiligen Willibrord. Luxemburg, St. Paulus-Druckerei, S. 394-420, Tafel LXXIV-LXXV (Fig. 1-5). [Neuauflage 1958].
  • Massard, J. A., 1988. Echternach und die Cholera. Ein Beitrag zur Geschichte der Medizin und der öffentlichen Hygiene in Luxemburg. Publications du Centre Universitaire de Luxembourg, Département des Sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1, 259 S.
  • Neyen, A., 1876. Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 3. Luxembourg, J. Joris, 490+XXXI+XII S. + table gén. alphabét.
  • Spang, P., 1988. Die Echternacher und ihre Basilika. Sankt-Paulus Druckerei, Luxemburg, 167 S.
  • Staud, R.M. & J. Reuter, 1952. Die kirchlichen Kunstdenkmäler der Stadt Echternach. Luxemburg, St. Paulus Druckerei, 224 S. (T Hémecht, Zeitschrift für Luxemburger Geschichte, 1952, 5. Jg., Heft 2 u. 3).

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Didier 1940; Massard 1988, S. 229; Daafregëster vun der fréierer Par Saeul (Baptistati 1793), Diözesanarchiv Luxemburg, Bestand: PA.Matrikelbücher, Pfarrei: Saeul, Nummer: Kb 02). – Den Neyen 1876 gëtt den 21. Dezember 1793 als (falschen) Gebuertsdag un.
  2. 2,0 2,1 Didier 1940.
  3. 3,0 3,1 Randbemierkung am Daafregëster 1793 vun der fréierer Par Saeul.
  4. 4,0 4,1 Die Heilig-Kreuz Kapelle in Echternach. Luxemburger Wort 1864-01-16, S. 3.
  5. Luxemburger Wort 1895-01-21, S. 2 (Geschichte der Grabstätte des hl. Willibrord. 5. Fortsetzung). (Autor: Edouard Schaack).
  6. Spang, P., 1962. Die Entstehung des Willibrordus-Bauvereins. In: Hundert Jahre Willibrordus-Bauverein, 1862-1962. Luxemburg, Editiones Epternacenses, S. 27ss.
    Spang 1988.
    Die Rundschau 1937-06-01, Nr. 11, S. 2 (Der Wiederaufbau der Echternacher Basilika).
  7. Luxemburger Wort 1868-09-20, S. 3 (Programm der Einweihungsfeier der St. Willibrordus-Basilika in Echternach, vom 20., 21., 22., und 23. September).
    Die Feierlichkeiten in Echternach. Luxemburger Wort 1868-09-26, S. 1-2 [1] ; Luxemburger Wort 1868-09-27, S. 2 [2] ; Luxemburger Wort 1868-09-29, S. 2 [3].
    Staud & Reuter, S. 74 a S. 76-77.
    Spang 1988, S. 58-64.
  8. Staud & Reuter 1952, S. 74.