Op den Inhalt sprangen

Ofschlossdäich

Vu Wikipedia
Ofschlossdäich
Land Holland
Plaz Wieringen
Súdwest-Fryslân
Zoulaf IJsselmeer gefieddert vun:
Rhäin iwwer verschidden Äerm
Overijsselse Vecht iwwer d'Zwarte Water an de Ketelmeer
Eem
Hierdense Beek
Amstel
Auslaf Nordmier
Koordinaten 53°0'N, 5°10'O
Datum vum Bau 1927 - 1932
A Betrib geholl 1933
Typ Gewichtsdamm
Héicht
(iwwer Waasserniveau)
~ 10,00 m
Längt 32 000 m
Breet op der Kroun 90 m
Breet op der Basis 190 m
Baseng
Héicht -0,3
Fläch 110 000 ha


Den Ofschlossdäich (Hollännesch: Afsluitdijk) ass e groussen, 32 Kilometer laangen Däich an Holland deen tëscht 1927 an 1933 gebaut gouf. E verbënnt Wieringen an der Provënz Nordholland mat Súdwest-Fryslân an der Provënz Frisland. Et ass dat gréisst Bauwierk vun den Aarbechten an der Zuiderzee, déi ënner dem Waasserbauingenieur Cornelis Lely deen déizäit och Transport- a Waasserbauminister war, realiséiert goufen.

Mam Bau vum Däich gouf d'Zuiderzee, e fréiere Golf am Nordmier, vun dësem ofgetrennt, an huet sech an e Séisswaasserséi verwandelt, deen ewell IJsselmeer heescht.

Iwwer den Däich geet eng Strooss, déi an den 1970er Joren als Autobunn Rijksweg 7 ausgebaut gouf (andeems d'Plaz geholl gouf, déi fir eng Eisebunnslinn reservéiert war, déi awer net gebaut gouf). D'Autobunn geet iwwer véier Dréibrécken, déi de Verkéier ënnerbriechen, wa Schëffer duerch Schleise vum IJselmeer an d'Nordmier (oder ëmgedréint) fueren.