Naturschutzgebitt
Ausgesinn
En Naturschutzgebitt (réserve naturelle) ass eng fest definéiert Zon, an där d'Natur e besonnesche Schutz genéisse soll. Aus wëssenschaftlechen, ekologeschen oder geschichtleche Grënn ënnerleien dës Parzelle gewësse Benotzungsaschränkungen, besonnesch fir d'Erhale vu bestëmmte Liewensraim fir Déieren- a Planzenaarten.
Déi Schutzzone ginn zu Lëtzebuerg duerch e groussherzoglecht Reglement als zone protégée ausgewisen an ënnerdeele sech a véier verschidde Kategorien:
- Bëschnaturschutzgebidder (réserves forestières)
- Fiichtgebidder (zones humides)
- Dréchewisen (pelouses sèches)
- aner Naturschutzgebidder (réserves diverses)
Liteatur
[änneren | Quelltext änneren]- Naturverwaltung, 2011, Wanderführer durch die Naturschutzgebiete Luxemburgs. Lëtzebuerg, Imprimerie Fr. Faber S.A.
Dëse Guide ass gratis ze kréien bei den Naturschutzzentre vun der Naturverwaltung. (Dës Verëffentlechung feelt op emwelt.lu) - Gudrun Zolitschka, unter Mitarbeit von Jan Herr, Paul Kremer und Meike Zolitschka: Naturschutzgebiete in Luxemburg. Luxemburg, Trier: Ministère du développement durable et des Infrastructures, Verlag auf der Warft, 2013. ISBN 978-3-939211-40-2
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Naturschutzgebidder – Biller, Videoen oder Audiodateien |