Mateusz Morawiecki
Mateusz Morawiecki | |
---|---|
Gebuertsnumm | Mateusz Jakub Morawiecki |
Gebuer |
20. Juni 1968 Wrocław |
Nationalitéit | Polen |
Educatioun |
Universitéit Breslau, Universitéit vu Basel, Universitéit vun Hamburg, Politechnika Wrocławska |
Aktivitéit | Politiker, Manager, Historiker, Ekonomist |
Partei | Recht a Gerechtegkeet |
Famill | |
Papp | Kornel Morawiecki |
De Mateusz Jakub Morawiecki [maˈtɛuʃ jakub mɔraˈvjɛt͡ski], gebuer den 20. Juni 1968 zu Wrocław, ass e polnesche Politiker (PiS).
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]De Morawiecki kënnt aus enger antikommunistescher Famill an huet sech a jonke Joren an der politescher Oppositioun engagéiert, wou en ë. a. Mat-Editeur vun enger klandestiner Zeitung war.
No sengem Geschichts- (1992) an Economiesstudium (1995; MBA) huet hien 1996-97 an Däitschland iwwer de Finanzsecteur gefuerscht, an nach en Opbaustudium an Europäeschem Droit gemaach. Scho wärend dem Studium huet hien Handelsfirmen op d'Bee gesat a war Zeitungsredakteur.
1998 gouf hien ee vun den Negociateure vun der polnescher Regierung fir de Bäitrëtt vu Polen an d'Europäesch Unioun, an hat verschidde Posten an den Opsiichtsréit vun ëffentleche Firmen. 2001 gouf e President vum Comité vun der Bank Zachodni WBK.
Hie war vun 1998 bis 2002 Deputéierten am Parlament vun der Woiwodschaft Nidderschlesien. 2010 gouf e Conseiller vun der Beata Szydło. Wéi dës Ministerpresidentin gouf, gouf de Morawiecki Vize-Ministerpresident, Wirtschafts- a Finanzminister an hirem Cabinet.
De 7. Dezember 2017 huet d'PiS decidéiert, d'Regierung ëmzebilden. De Morawiecki war vum 11. Dezember 2017 bis den 11. Dezember 2023 Ministerpresident vun der Republik Polen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Mateusz Morawiecki – Biller, Videoen oder Audiodateien |