Märel (Vull)
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Märel | |||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Eng Märel | |||||||||||||
Systematik | |||||||||||||
| |||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
Turdus merula Linnaeus (1758) |
D'Märel (Turdus merula) ass ee vun de bekanntste Vullen aus der Famill vun den Dréischelen (Turdidae).
Si kënnt a ganz Europa vir, am norwestlechen Afrika, an Indien an a China.
Liewensraum
[änneren | Quelltext änneren]D'Märel war ëmmer e scheie Bëschvull. Lues a lues huet se sech un d'Kulturlandschaften ugepasst an ass hautdesdaags grad sou gutt a Parken an a Gäert ze fannen.
An de südleche Länner ass d'Märel am Summer an de Bierger ze fannen. Am Hierscht an am Wanter plënnert se an déi méi waarm Däller.
D'Märelen aus dem nërdlechste Verbreedungsgebitt zéien am Wanter all an de Süden, wärend vun deenen, déi méi südlech liewen, meeschtens nëmme Weibercher an déi jonk Vullen an d'Iwwerwanterungsgebidder a Süd- an a Westeuropa fléien.
Plommen a Faarwen
[änneren | Quelltext änneren]De Männercher hir Plomme si mattschwaarz an de Schniewel ass orangegiel. Vun der Spréif, déi méi metallesch blénkt, ënnerscheet e sech och nach duerch méi e laange Schwanz.
D'Weibchen huet schwaarzbrong Plommen, déi op der Broscht méi hell a gefléckt sinn. Am Fréijoer hunn d'Weibercher e giele Schniewel mat enger schwaarzer Spëtz, deen am Hierscht brong gëtt.
Déi jonk Märele gläichen de Weibercher.
Fortplanzung
[änneren | Quelltext änneren]D'Märele bauen heiansdo hir Näschter op Beem am Bësch, an enger Aaschtgafel, an enger Héicht vun 10 Meter. Meeschtens bauen se awer am Ënnergehëlz, a staark verwuessenen Hecken oder a soss kënschtlechen oder natierleche Stoppen.
D'Nascht gëtt aus rengem Planzematerial a mat Bulli gebaut an da bannendra mat renge Grieser ausgeluecht.
Déi éischt Brutt ass Enn Mäerz bis uganks Abrëll. D'Weibche leet 5-6 Eeër a bréit da meeschtens eleng. De Männche suergt fir Fudder an et ass ganz rar, datt en op den Eeër sëtzt.
D'Eeër, déi gréngblozeg mat routbrongen Zeechnunge sinn, ginn no ronn 14 Deeg aus.
Duerno ginn déi jonk Märelen nach bis zu dräi Woche vun den Ale gefiddert.
Am Joer leet d'Märel zwee- bis dräimol Eeër, ganz rar och alt véiermol.
Feinden
[änneren | Quelltext änneren]Der Märel hir natierlech Feinde sinn d'Jeekerten an d'Kaweechelcher. An de Stadgebidder kënnt nach d'Kaz dobäi. Well se Schued an de Gäert maachen, zerstéiert de Mënsch och alt hir Näschter.
Fudder
[änneren | Quelltext änneren]D'Märele friessen haaptsächlech Wierm, Mueden an Insekten. Schleeken a verschidde Kiewerleke stinn och um Menü, grad sou wéi Uebst, dat dee ass, a verschidden Zorte vu Bieren.
Gesank
[änneren | Quelltext änneren]D'Märel séngt moies an owes. Dobäi gi verschidde Melodien zesummegestallt. Et ass awer rar, datt se zweemol déi selwecht hannerenee sangen.
Hire Gesank ass awer sou charakteristesch, datt ee liicht e Männchen a sengem Revéier direkt erëmerkennt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Märel – Biller, Videoen oder Audiodateien |