Lewis A. Swift
Ausgesinn
Lewis A. Swift | |
---|---|
Gebuer | 29. Februar 1820 |
Gestuerwen | 5. Januar 1913 |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Astronom |
De Lewis A. Swift, gebuer den 20. Februar 1820, a gestuerwen de 5. Januar 1913, war en US-amerikaneschen Astronom.
Hien huet vill Koméiten, wéi z. B. de kuerzperiodesche Koméit Swift-Tuttle, souwéi iwwer 1.000 Objete vum NGC-Katalog entdeckt. De Swift war zweemol bestuet, 1850 mat der Lucretia Hunt an 1864 mat der Carrie D. Topping. Säi Jong Edward D. Swift staamt aus sengem zweete Bestietnes. Och wann de Swift ni op enger Universitéit war, krut hien am Joer 1897 d'Jackson-Gwilt-Medail vun der Royal Astronomical Society iwwerreecht.
Entdeckungen
[änneren | Quelltext änneren]Déi follgend Lëscht weist déi bekanntst Entdeckunge vum Swift. Bei enger Rei vun Objeten am NGC-Katalog goufen Duebelobservatioune vun Objeten zweemol registréiert.
Koméiten:
Galaxien:
- IC 10 (irregulär Zwerggalaxie)
- NGC 6 (Duebelobservatioun Parsons 1857, Swift 1885; hat eng Zäit laang eng zweet Katalognummer NGC 20)
- NGC 17 (Duebelobservatioun Muller 1886, Swift 1886; hat eng Zäit laang eng zweet Katalognummer NGC 34)
- NGC 19
- NGC 21 (Duebelobservatioun Herschel 1790, Swift 1885; hat eng Zäit laang eng zweet Katalognummer NGC 29)
- NGC 27
- NGC 35
- NGC 47 (Duebelobservatioun Tempel 1886, Swift 188?; hat eng Zäit laang eng zweet Katalognummber NGC 58)
- NGC 48
- NGC 49
- NGC 51
- NGC 64
- NGC 73
- NGC 75
- NGC 100
- NGC 112
- NGC 150
- NGC 151 (Duebelobservatioun Herschel 1785, Swift 1886; hat eng Zäit laang eng zweet Katalognummer NGC 153)
- NGC 155
- NGC 161
- NGC 190
- NGC 237
- NGC 240
- NGC 250
- NGC 262
- NGC 317B
- NGC 332
- NGC 1042
- NGC 6050A
- NGC 6622
- NGC 6951 (Duebelobservatioun Coggia 1877, Swift 1885; hat eng Zäit laang eng zweet Katalognummer NGC 6952)