Op den Inhalt sprangen

Leopold III. vun der Belsch

Vu Wikipedia
Leopold III. vun der Belsch
Titelen
Kinnek vun de Belsch
Zäit 23.02.1934 — 16.07.1951
Virgänger Albert I. vun der Belsch
Nofollger Baudouin vun der Belsch
Biographie
Gebuer 3. November 1901
Palais vum Marquis vun Assche
Gestuerwen 25. September 1983
Bestuet mat Astrid vu Schweden
Liewenspartner Liselotte Landbeck
Papp Albert I. vun der Belsch
Mamm Elisabeth Gabriele in Bayern
Geschwëster Charles vun der Belsch, Marie José vun der Belsch
Kanner Joséphine-Charlotte vun der Belsch, Baudouin vun der Belsch, Albert II. vun der Belsch, Alexander vun der Belsch, Marie-Christine vun der Belsch, Maria-Esméralda vun der Belsch, Ingeborg Verdun
De Monogramm
De Leopold III. a seng Fra Astrid

De Leopold III., gebuer den 3. November 1901 zu Bréissel, a gestuerwen de 25. September 1983 zu Woluwé Saint-Lambert, mam ganzen Numm Leopold Philippe Charles Albert Meinrad Hubertus Marie Miguel, war vun 1934 bis 1951 Kinnek vun de Belsch. Hie koum aus der Adelsfamill Sachsen-Coburg a Gotha.

Hie war de Jong vum Kinnek Albert I. Am Éischte Weltkrich war hien einfachen Zaldot am 12. Belsche Regiment. Duerno huet hien um St. Anthony's Seminary zu Santa Barbara a Kalifornie studéiert.

De 4. November 1926 huet hien zu Stockholm d'Prinzessin Astrid vu Schwede bestuet, déi jéngst Duechter vum Prënz Carl vu Schweden an der Prinzessin Ingeborg vun Dänemark. Si kruten dräi Kanner:

De Leopold koum den 23. Februar 1934 als Leopold III. op de belschen Troun. Den 29. August 1935 hat hien an der Vakanz bei Küssnacht am Rigi en Autosaccident; seng Fra, déi bei him war, huet den Accident net iwwerlieft. Den 11. September 1941 huet hie sech fir d'zweet bestuet, mat der Mary Lilian Baels (1916-2002). Si kruten dräi Kanner, déi awer net zu der Trounfolleg berechtegt waren:

  • Alexander, Prënz vun der Belsch (* 18. Juli 1942 zu Bréissel; † 29. November 2009)
  • Marie-Christine, Prinzessin vun der Belsch (* 6. Februar 1951 zu Bréissel)
  • Maria-Esmeralda, Prinzessin vun der Belsch (* 30. September 1956 zu Bréissel)

Wéi déi däitsch Truppen am Mee 1940 d'Belsch iwwerfall hunn, huet de Premierminister Hubert Pierlot de Kinnek gedirängelt, e sollt an den Exil goen, fir vun do géint d'Däitsch Räich ze kämpfen. Well et awer virauszegesi war, datt Frankräich séier verléiere géif, huet de Leopold decidéiert, am Land bei sengen Truppen ze bleiwen. Well d'Regierung am Exil war, war hien et, deen den 28. Mee d'Kapitulatioun ënnerschriwwen huet. Nach de selwechten Dag huet d'Regierung hie fir "verhënnert" erkläert, "seng Ämter auszeféieren". De Leopold huet sech selwer als "Krichsgefaangene" consideréiert an huet de ganze Krich duerch mat senger Famill um Schlass Laeken ënner Hausarrest gelieft. Seng Korrespondenz gouf zenséiert, an hie krut just wéineg Besuch, meeschtens vu privater Säit. Hien huet evitéiert, politesch Handlungen auszeféieren, déi zu sengen Ongonschten hätten interpretéiert kënne ginn. No sengem Bestietnes mat der Lilian Baels, de 7. Dezember 1941, ass seng Fiktioun vun "Hausarrest" vun ëmmer méi Leit a Fro gestallt ginn, a si hunn him och virgeworf, näischt z'ënnerhuelen, datt et de Leit besser géing.

1944, nodeems d'Alliéiert an der Normandie gelant waren, huet den Heinrich Himmler de Leopold mat senger Famill an Däitschland, op d'Schlass Hirschstein a Sachsen, brénge gelooss. Wéi déi Alliéiert och do ëmmer méi no koumen, goufe s'op Strobl bei Salzburg bruecht, wou se schlussendlech 1945 vun der US-Arméi befreit goufen.

Dem Leopold seng Haltung wärend dem Krich huet tëscht 1944 an 1950 fir grouss Diskussiounen a Spannunge gefouert, der sougenannter Question royale: D'Parlament huet hien Enn 1944 weiderhi fir onfäeg erkläert, ze regéieren, a säi Brudder Charles (1903–1983), zum Regent ernannt. De Leopold goung doropshin an d'Schwäiz an den Exil. 1946 huet eng Enquêtëkommissioun vum Parlament hien awer vun der Uklo entlaascht, kollaboréiert ze hunn. 1950 koum et zu engem Referendum (Consultation populaire), ob de Leopold nees als Kinnek zeréckkomme soll. No engem positive Resultat huet d'Parlament dunn offiziell festgestallt, datt de Leopold nees kapabel wier, ze regéieren. Mä wéi de Kinnek den 22. Juli 1950 an d'Belsch zeréckkoum, koum et zu Streiken a Protester. D'Flämesch Populatioun war an der Majoritéit fir de Leopold; d'Majoritéit vun de Walloune wollten awer datt e sollt ofdanken. No der Schéisserei zu Grâce-Berleur a fir d'Eenheet vum Land an d'Monarchie z'erhalen, huet de Leopold III. de 16. Juli 1951 zu Gonschte vu sengem Jong Baudouin ofgedankt.

Commons: Leopold III. vun der Belsch – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Albert I. vun der Belsch
Kinnek vun de Belsch
1934 - 1951
Nofollger:
Baudouin vun der Belsch