La Bresse (Vosges)
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Vosges | ||||
Arrondissement | Épinal | ||||
Kanton | La Bresse | ||||
Postcode | 88250 | ||||
Gemengecode | 88075 | ||||
Koordinaten | 47° 00’ 24’’ N 06° 52’ 36’’ O | ||||
Fläch | 5 794 ha | ||||
Bevëlkerung | 4 198 (2016) |
La Bresse ass eng franséisch Gemeng an de Vogesen an der Regioun Grand Est.
D'Gemeng gehéiert zu den 198 Gemengen déi de Parc naturel régional des Ballons des Vosges bilden.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng läit an den Däller vun der Moselotte a vum Chajoux déi vun enger ronn 20 Niewebaache gefiddert ginn, déi all hir Quellen um Gebitt vun der Gemeng hunn. Déi zwéin Däller leien tëscht dräi Biergrécker vun deenen de westlechen an den ëstlechen op de respektive Gemengegrenze leien, an op deenen och d'Colen ze fanne sinn déi an d'Nopeschdäller féieren. Dozou gehéieren de Col de Grosse Pierre fir an den Dall vum Ruisseau de Creusegoutte enger Niewebaach vum Bouchot, de Col des Faignes fir an den Dall vun der Vologne an de Col de Bramont fir an den Dall vun der Thur.
Verkéier
[änneren | Quelltext änneren]D'Haaptverkéiersachs an der Gemeng ass d'Departementsstrooss D486 déi vu Le Thillot op Gérardmer féiert. Et ass och déi eenzeg Strooss déi en Accès an d'Gemeng huet ouni iwwer e Col mussen ze fueren.
Nopeschgemengen
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Vosges
- Arrondissementer am Departement Vosges
- Kantonen am Departement Vosges
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Vosges
- Gemengen am Arrondissement Épinal
- Uertschaften am Arrondissement Épinal
- Gemengen am Parc naturel régional des Ballons des Vosges
- Uertschaften, déi d'Croix de guerre 1914-1918 kruten
- Uertschaften, déi d'Croix de guerre 1939-1945 kruten
- Wantersportgebidder a Frankräich
- Station verte
- Touristesch Gemengen a Frankräich