D'Kommissioun Juncker war de Collège vun Europäesche Kommissären ënner dem PresidentJean-Claude Juncker. Si war vum 1. November 2014 bis den 30. November 2019 am Amt. Si war d'Nofollgerin vun der Kommissioun Barroso II. Si bestoung aus dem President a 27 Kommissären, wouvunner der 7 Vizepresident waren.
Am Juli 2014 hunn 422 Deputéiert vum Europäesche Parlament fir de Juncker gestëmmt, 250 géint en, 47 hu sech enthalen, 10 Stëmme waren ongëlteg an 22 goufen net ofginn.
Déi eenzel Kommissäre ginn, op Virschlag vun den eenzele Regierunge vun de Memberlänner, vum President erausgesicht; et ass och hien, deen d'hir Aarbechtsberäicher festleet.
Nodeems déi eenzel Kandidaten op e Kommissärsposte vum Europäesche Parlament ausgefrot goufen (wouropshin ee Kandidat huet missen ersat ginn), huet d'Parlament den 22. Oktober 2014 mat 423 dofir an 209 dergéint (bei 67 Enthalungen) der Juncker-Kommissioun säi Vertrauen ausgeschwat.
D'Kommissäre schaffen a sougenannte Clusteren (am Ganze fënnef) zesummen, d. h. a Politikberäicher, déi ënner dës 5 Rubricke falen (si entspriechen deene vum EU-Budget):