Jean Conzemius (Buergermeeschter)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Dokter Jean Nicolas Conzemius. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean Conzemius. |
Jean Conzemius | |
---|---|
Gebuer |
13. Mee 1839 Ierpeldeng |
Gestuerwen |
6. Juni 1918 Déifferdeng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dokter, Politiker |
Famill | |
Kanner | Émile Conzemius |
De Jean Nicolas Conzemius, gebuer den 13. Mee 1839[1] zu Ierpeldeng, a gestuerwen de 6. Juni 1918 zu Déifferdeng[2], war e lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.
De Jean Nicolas Conzemius huet am November 1867 säin Doktorat an der Medezin an an der Chirurgie zu Lëtzebuerg gemaach[3] a sech duerno zu Ettelbréck als Doktor etabléiert[4]. 1872 huet hie sech zu Housen niddergelooss, an 1873 zu Déifferdeng.[5]
De Conzemius war Buergermeeschter vun der Gemeng Déifferdeng vun 1906 bis 1912. Den Déifferdenger Gemengerot huet enger Strooss an der Stad Déifferdeng (Quartier Fousbann) säin Numm ginn: rue Dr. Conzemius.[6]
De Conzemius war Member vun der Société des sciences médicales [7] a vun 1872 u vun der Société de botanique[8] respektiv der Société des naturalistes luxembourgeois (bis zu sengem Doud[9]).
Säi Fils war den Émile Conzemius, deen als Dokter am Kongo geschafft huet.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Fleischhauer, R., 2015. Ein Arzt als Bürgermeister. In: DiffMag, le magazine de la ville de Differdange, 07/15, S. 24-26. [3]
- Flies, J., 1970. Ettelbrück. Die Geschichte einer Landschaft. Luxembourg, Impr. Saint-Paul, 2274 S. [Johann-Nikolaus Conzemius: S. 1549].
- Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Eigenverlag, Luxemburg, S. 1-652 [Jean Nicolas Conzemius: S. 273-274].
- Liez, N., 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Luxembourg, Impr. Vve M. Bourger-Blum, 167 S. [Jean Nicolas Conzemius: S. 24-25].
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Liez 1886, S. 24; Kugener 2005, S. 273. — Verschidde Quellen ginn de 16. Abrëll 1839 als (falschen) Gebuertsdatum un (z. B. Flies 1970, S. 1549).
- ↑ Luxemburger Wort 1918, Nr. 158 (7. Juni), S. 2 (avis mortuaire) [1], cf. Flies 1970, S. 1549 a Kugener 2005, S. 274. – Fleischhauer (2015) schreift, de Conzemius wier zu Ierpeldeng gestuerwen.
- ↑ Kugener 2005, S. 273.
- ↑ Liste générale des personnes autorisée à exercer une branche quelconque de l'art de guérir ou une profession qui s'y rattache. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1868, seconde partie, N° 1 (8 janvier), S. 2 [2]. — D'Joer 1864, dat een z. B. bei Flies 1970, S. 1549, oder Kugener 2005, S. 273, fënnt, schéngt en Drockfeeler ze sinn.
- ↑ Kugener 2005, S. 274. — Flies 1970, S. 1549, a Fleischhauer 2015 gi fir Déifferdeng d'Joer 1874 un, wat net stëmmt.
- ↑ Fleischhauer 2015.
- ↑ Liez 1886.
- ↑ Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg 1 (1874), S. 7.
- ↑ Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 28 (1918), S. 112.