Op den Inhalt sprangen

Jean-Pierre Toutsch

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Toutsch
Gebuer 28. Januar 1811
Wäiswampech
Gestuerwen 30. Juni 1887
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Fonctioun Chamberpresident, Deputéierten, Member vum Staatsrot
Gielercher Grand officier vum Ordre de la Couronne de chêne


De Jean-Pierre Toutsch, gebuer den 28. Januar 1811 zu Wäiswampech[1], a gestuerwen den 30. Juni 1887 an der Stad Lëtzebuerg am Alter vu 76 Joer, war e lëtzebuergesche Magistrat a Politiker.[2]

Den 19. Februar 1840 krut de Jean-Pierre Toutsch seng Nominatioun als Riichter vum Bezierksgeriicht Lëtzebuerg[3]. De 24. Juli 1848 ass hie Riichter um Bezierksgeriicht zu Dikrech genannt ginn[4].

De 17. November 1858 gouf hien a senger Qualitéit als Deputéierte vum Kanton Klierf fir d'Sëtzungsjoer 1858 President vun der 'Assemblée des Etats'[5].

Den 22. Juli 1885 krut de Jean-Pierre Toutsch seng Nominatioun als Member vum Staatsrot zu Lëtzebuerg[6] an hien ass dat bis zu sengem Doud bliwwen[7].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. P. Faber, Grevenmacher, S. 91.
  2. Ukënnegung vum Doud vum Jean-Pierre Toutsch am Luxemburger Wort vum 2. Juli 1887 Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 05.10.2015.
  3. Memorial N°11 vun 1840 Archivéiert de(n) 05.03.2016. Gekuckt de(n) 05.10.2015.
  4. Memorial N°58 vun 1848 Archivéiert de(n) 05.03.2016. Gekuckt de(n) 05.10.2015.
  5. Memorial N°29 vun 1858
  6. Memorial N°46 vun 1885
  7. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert de(n) 04.03.2016. Gekuckt de(n) 05.10.2015.
  8. Memorial N°66 vun 1879