James Ferguson (Astronom)
Ausgesinn
James Ferguson | |
---|---|
Gebuer | 31. August 1797 |
Gestuerwen |
26. September 1867 Washington |
Nationalitéit | USA, Vereenegt Kinnekräich, Kinnekräich Groussbritannien |
Aktivitéit | Astronom, Ingenieur |
Den James Ferguson, gebuer den 31. August 1797 zu Perthshire a Schottland, a gestuerwen de 26. September 1867 zu Washington D.C., war e schotteschen Ingenieur an Astronom, deen zanter 1800 an den USA gelieft huet.
De Ferguson huet als Ingenieur, ënner anerem um Bau vum Eriekanal, geschafft.
Vun 1847 un huet hien als Astronom am Naval-Observatoire zu Washington geschafft. Hien huet dräi Asteroiden entdeckt, dorënner den Euphrosyne, den éischten Asteroid, dee vun Nordamerika aus entdeckt gouf.
Fir un hien z'erënnere gouf am Joer 1941 den Asteroid (1745) Ferguson no him genannt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Publikatioun vum J. Ferguson am Astrophysics Data System
- (en) B. T. Sands: The late Mr. James Ferguson, of the Naval Observatory, Washington. Astronomesch Noriichten, Bd. 71 (1868), S. 101. (Noruff)