Henri Massard (Keel)
Henri Massard | |
---|---|
Gebuer |
26. Abrëll 1839 Heeschdref |
Gestuerwen |
6. Februar 1890 Keel |
Aktivitéit | Industriellen, Mecanicien |
Famill | |
Geschwëster | Jean Massard |
Den Henri Massard, gebuer de 26. Abrëll 1839 zu Heeschdref, a gestuerwen de 6. Februar 1890 zu Keel,[1] war e lëtzebuergeschen Industriellen.
Den Industriellen
[änneren | Quelltext änneren]Den Henri Massard war Mecanicien vu Beruff. 1873 huet hien zesumme mat sengem Brudder Jean Massard (1844-1923), deen och Mecanicien war, zu Keel d'Hubertysmille kaaft[2] an do en Atelier installéiert, wou si Buggie fir déi lëtzebuergesch an déi franséisch Eisenäerz-Minière gebaut hunn. Enn 1882 koum nach eng Géisserei bei de Konstruktiounsatelier dobäi. Nom Doud vum Henri Massard gouf säi Brudder Jean eenzege Proprietär vum Betrib.[3]
De Betrib, deen ënner dem Numm Fonderie & Ateliers de construction Massard » bekannt gouf, ass ville Leit virun allem wéinst de Kanaldeckelen, déi do produzéiert goufen, e Begrëff ginn.[4]
D'Famill
[änneren | Quelltext änneren]Den Henri Massard, deen deemools nach zu Heeschdref gewunnt huet, huet sech den 20. Januar 1869 zu Steesel mat der Susanne (Suzanne) Schmit, déi zu Blaaschent gewunnt huet, bestuet. D'Fra war den 20. September 1844 zu Mëlleref als Duechter vum Bauer Nicolas Schmit op d'Welt komm an ass de 27. Oktober 1922 zu Keel gestuerwen.[5] D'Koppel hat néng Kanner [1], dorënner d'Anne Marie Susanne Massard (1871-1946), déi mam Jean Bernard bestuet war.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Luxroots.com
- ↑ Kauffmann, Jules (1993): Mit der Bannmühle durch die Jahrhunderte. Kayl, S. 127.
Dupong, Joseph (1997): Kayl in der Geschichte, 2. Aufl. Kayl, S. 86.
Et liest een och, de Betrib wier 1872 gegrënnt ginn (Camille Aschmann: Daten aus der luxemburgischen Eisenindustrie. A-Z : Luxemburger illustrierte Wochenschrift : Heft 46, 17. November 1935, S. 13.[1]) - ↑ Camille Aschmann: Daten aus der luxemburgischen Eisenindustrie. A-Z : Luxemburger illustrierte Wochenschrift : Heft 46, 17. November 1935, S. 13.[2])
- ↑ Fonderie & Ateliers de construction Massard.
- ↑ Luxemburger Wort 1922-10-30, S. 3 (Avis mortuaire)