Op den Inhalt sprangen

Harald V. vun Norwegen

Vu Wikipedia
Harald V. vun Norwegen
Titelen
Kinnek vun Norwegen
Zäit zanter dem 17. Januar 1991
Virgänger Olav V.
Biographie
Gebuer 21. Februar 1937
Skaugum
Bestuet mat Sonja Haraldsen
Papp Olav V.
Mamm Märtha vu Schweden
Geschwëster Ragnhild vun Norwegen, Astrid vun Norwegen
Kanner Märtha Louise von Norwegen, Haakon vun Norwegen
De Monogramm

Den Harald V. vun Norwegen, gebuer den 21. Februar 1937 zu Skaugum bei Oslo, ass zanter dem Doud vu sengem Papp Olav V., de 17. Januar 1991, Kinnek vun Norwegen. Hien ass aus dem Haus Schleswig-Holstein-Sonderburg-Glücksburg, enger Niewelinn vum Haus Oldenburg.

Als Kinnek vun Norwegen huet den Harald V. virun allem representativ, ma och wichteg konstitutionell Aufgaben. Hien ernennt an entléisst d'Ministeren, hie mécht d'Parlamentssessiounen op a sanktionéiert Gesetzer.

Den Harald V. ass de Jong vum Olav V. an der Krounprinzessin Märtha, gebuer Prinzessin vu Schweden, Den Harald ass deen éischten norwegesche Kinnek zanter dem Olav IV., am Joer 1370, deen am Land gebuer ass.

No sengem Lycée ass hien op d'norwegesch Militärakademie an an de Balliol College zu Oxford gaangen. 1957 gouf säi Papp Olav V. Kinnek an hie selwer Krounprënz.

Den 29. August 1968 huet hien d'Sonja Haraldsen an der Osloer Kathedral bestuet. Säi Papp hat eréischt no 9 Joer seng Awëllegung zum Bestietnes mat enger net-adeleger Fra ginn. Si hunn zwee Kanner, d'Prinzessin Märtha Louise an de Krounprënz Haakon.

Den Harald V. huet e puermol Norwegen am Seegele bei den Olympesche Spiller vertrueden.

Commons: Harald V. – Biller, Videoen oder Audiodateien