Gemeng Groussbus-Wal
Gemeng Groussbus-Wal | |
---|---|
Déi al Schoul vu Groussbus gëtt d'Märei vun der neier Fusiounsgemeng | |
An anere Sproochen |
fr: Groussbus-Wal de: Groussbus-Wal |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Réiden |
Chef-lieu | Groussbus |
Buergermeeschter | Paul Engel |
Awunner | 2.285 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 3.985 ha |
Koordinaten | 49°50'25"N, 5°55'55"O |
LAU-Code | LU0711 |
Websäit | https://g-w.lu/ |
D'Gemeng Groussbus-Wal (offiziell commune Groussbus-Wal) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen a läit am Kanton Réiden. Si ass den 1. September 2023 aus der Fusioun vun de Gemenge Groussbus a Wal entstanen.
De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Groussbus. Dat neit Gemengenhaus kënnt op Groussbus, an déi ëmgebaut a vergréissert al Schoul[1].
Geschicht[2]
[änneren | Quelltext änneren]Am Sënn vun enger besserer Entwécklung vun de jeeweilege Gemengen, absënns wat d'ëffentlech Servicer, d'Schafe vu kommunalen Infrastrukturen an eng performant Verwaltung ugeet, hunn d'Schäfferéit vu Groussbus a Wal am Joer 2019 mat de Sondéierungsgespréicher iwwer eng eventuell Fusioun ugefaangen. Do dernieft géif d'Fusioun och finanziell Avantagë mat sech bréngen: engersäits kritt d'Fusiounsgemeng e Subsid vum Staat an anersäits ginn och aner finanziell Leeschtunge vum Staat fir eng Gemeng mat enger gewësser Gréisst méi grouss. Béid Gemengen hunn och an der Vergaangenheet schonn a verschiddene Syndikater zesummegeschafft, wéi z. B. an der DEA, der Réidener Schwämm, dem SIDEC, SIDEN oder SYVICOL.
De 6. Mee 2019 hu béid Gemengeréit decidéiert datt d'Fusiounsgespréicher ufänke sollten an den 3. Februar 2021 sinn dem Inneminister déi detailléiert Modalitéite fir d'Fusioun presentéiert ginn. Kuerz duerno, den 10. Februar 2021 hunn déi zwéi Gemengeréit festgehalen, datt d'Bevëlkerung mat engem Referendum iwwer d'Fusioun ofstëmme soll.
Beim Referendum, deen an den zwou Gemengen de 27. Juli 2021 ofgehale gouf, haten zu Groussbus 70,42% an zu Wal 62,25% vun de Wieler fir eng Fusioun gestëmmt[3],[4],[5]. Am Vott a béide Gemengeréit den 2. Mäerz 2022 gouf sech dunn definitiv drop gëeenegt, ze fusionéieren[6].
D'Gesetz dozou gouf den 8. Februar 2023 an der Chamber gestëmmt.[7]
De Gemengerot vun der neier Gemeng gouf bei de Gemengerotswale vum 11. Juni 2023 gewielt, a funktionéiert vum 1. September 2023 un.
Finanziellen Impakt vun der Fusioun
[änneren | Quelltext änneren]De Staat bezilt der neier Gemeng e Subsid op Basis vun der Awunnerzuel op den 31. August 2023. Geschat gëtt e Montant vu 4,83 Milliounen Euro[8].
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Groussbus-Wal ass déi véiertgréisst Gemeng am Réidener Kanton, mat ronn 2.200 Awunner, opgedeelt op 9 Dierfer.
Se grenzt am Norden un d'Gemeng Esch-Sauer (Kanton Wolz) an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Gemeng Mäerzeg am Kanton Dikrech an u follgend Gemengen aus dem Kanton Réiden: Viichten, Préizerdaul a Rammerech.
Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften
[änneren | Quelltext änneren]Lieu-diten
[änneren | Quelltext änneren]Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]Politik
[änneren | Quelltext änneren]An enger éischter Phas besteet de Schäfferot vun der Fusiounsgemeng aus engem Buergermeeschter an dräi Schäffen, woubäi et jeeweils zwéi Memberen aus all Walsektioun (Groussbus a Wal) musse sinn. Am Gemengerot sinn zwielef Conseilleren, jeeweils sechs Memberen aus all Sektioun.
No de Gemengewale vun 2029 zielen dann déi üblech Zuele wéi et am Gemengegesetz virgesinn ass[9].
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]Als Resultat vun de Gemengewale vum 11. Juni 2023[10] gouf de Paul Engel als neie Buergermeeschter vun der neier Gemeng vereedegt.[11]
Perséinlechkeeten
[änneren | Quelltext änneren]- Nicolas Grang (1854-1883), lëtzebuergeschen Offizéier an der belscher Arméi. Als Leitnant koum hien 1882 an de Kongo an huet ënner dem Henry Morton Stanley un der Eruewerung vum Héije Kongo deelgeholl.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- De Musée Thillenvogtei zu Randschelt ass e liewege Landmusée mat de Schwéierpunkte Landwirtschaft, Handwierk, Hauswiesen a Schoul.
- D'Kierch zu Randschelt
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Groussbus-Wal
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gemeng Groussbus-Wal – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Groussbus-Wal
- Projet de loi 8003 portant fusion des communes de Grosbous et de Wahl op legilux.lu
- Projet de fusion: Communes de Grosbous et de Wahl (lb), (fr) op groussbus.lu
- Loi du 3 mars 2023 portant fusion des communes de Grosbous et de Wahl op legilux.lu
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ "Grosbous: Schule wird Rathaus." wort.lu, 21.12.2021.
- ↑ « Exposé des motifs » am Projet de loi
- ↑ Marc Hoscheid, Bürgersegen für Gemeindehochzeit, Luxemburger Wort 28.06.2021, S. 14
- ↑ Groussbus a Wal: Majoritéit vun de Wieler huet fir eng Fusioun gestëmmt. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-06-28.
- ↑ Groussbusser Buet September 2021
- ↑ Sophie Hermes: "Zum 1. September 2023: Definitives Ja zur Fusion zwischen Grosbous und Wahl." wort.lu, 04.03.2022.
- ↑ Nadine Schwarz: " "Der Weg ist frei für zwei neue Fusionsgemeinden." wort.lu [w+], 08.02.2023.
- ↑ (1.138 Awunner vu Groussbus + 1.057 Awunner vu Wal) * 2.200 € = 4,829 Milliounen € (Schätzung mat den Awunnerzuele vum 14.03.2022)
- ↑ Loi communale du 13 décembre 1988 „Gemengegesetz“ – Artikel 5 + 38. legilux.public.lu (13.12.1988). Gekuckt de(n) 21.01.2023.
- ↑ "Groussbus-Wal: Paul Engel gëtt neie Buergermeeschter." rtl.lu, 12.06.2023.
- ↑ Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins." Communiqué vum 13.07.202 op mint.gouvernement.lu