Eskimo
Eskimo ((fr) (m) esquimau, (w) esquimaude, (pl) esquimaux[1]) ass e Begrëff deen als pejorativ[2] a mat rassistescher Konnotatioun kann opgeholl ginn. Et ass de Sammelnumm fir déi indigen Vëlker am nërdleche Polargebitt, déi op engem Gebitt tëscht Nordostsibirien iwwer d'Beringstrooss an d'arktesch Regioune vun Alaska a vu Kanada bis a Grönland liewen, gebraucht gouf.
Déi zwou Haaptgruppe sinn d'Inuit (ëstlech Eskimoen) am Norde vu Kanada an op Grönland, an d'Yupik (westlech Eskimoen) op der russescher Tschuktschen-Hallefinsel an an Alaska. Méi kleng Gruppe sinn d'Kalaallit a Grönland an d'Inupiat an Alaska. Och mat hinne Famill sinn d'Aleuten, d'Urawunner vun Alaska. Hir Sproochen zielen zu der Eskimo-aleutescher Sproochefamill.
Et gëtt am Ganzen eng 160.000 Eskimoen am Arktisgebitt, wouvun der eng 50.000 a Grönland liewen, ronn 60.000 a Kanada – dovun d'Hallschent am Territoire Nunavut – an an Alaska ronn 30.000. Weider 10 bis 20.000 liewen am Tschukotka am Nordoste vu Sibirien.
Etymologie
[änneren | Quelltext änneren]„Eskimo“ ass e kolonialistesche Begrëff deen eréischt zanter dem 17. Joerhonnert bekannt ass[3], woubäi seng Etymologie net eendeiteg gekläert ass. Et gëtt ugeholl, den Numm kéim vun de Cree- an Algonkin-Indianer, déi sou d'Vëlker aus dem Polargebitt genannt hunn, an deen an hire Sproochen entweeder "Schnéischong-Flechter" oder "Leit aus dem Norden" géif heeschen. Déi Betraffen nenne sech selwer, jee nodeem, Inuit, Yupik, Inuvialuit oder Inupiat (wat „Mënschen“ heescht).
Kolonialisteschen a rassistesche Begrëff
[änneren | Quelltext änneren]A Kanada gëtt „Eskimo“ offiziell zanter 1970 mat „Inuit“ ersat, well en allgemeng als pejorativ, beleidegend, rassistesch empfonnt gëtt a vun de Kolonialisten imposéiert gouf.[4] Eng Minoritéit vun Auteuren, ë. a. den Ethnolog a Linguist José Mailhot aus dem Québec, stellen déi pejorativ Natur vum Wuert „Eskimo“ op Basis vun hirer Etymologie allerdéngs a Fro.
A Grönland gëtt de Begrëff „Eskimo“ och vun den Inuit als offensiv ugesinn[1]; d'Awunner vun do nenne sech selwer Grönlanner (op Grönlannesch: Kalaallit).
An Alaska gëtt de Begrëff „Eskimo“ vun den Inupiat verworf. D'Populatioune vun de Yupik, déi net zu den Inupiat wëlle gezielt ginn, toleréieren de Begrëff[4]. D'Yupik favoriséieren einfach de Begrëff „Yupik“. Fir all d'Yupik an d'Inupiat Populatioune vun Alaska ze bezeechnen ass de Begrëff „déi Heemesch vun Alaska“ ((en) Alaska Natives) méi passend wéi „Eskimo“.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Eskimo – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 (fr)Encyclopædia Universalis, ESQUIMAUX ou ESKIMO. Encyclopædia Universalis. www.universalis.fr. Gekuckt de(n) 12.01.2025.
- ↑ (lb)LOD, „Eskimo“. lod.lu. lod.lu. Gekuckt de(n) 12.01.2025.
- ↑ Chrestien Le Clerc, Nouv. relation de la Gaspesie, 453 ds Quem. DDL t. 13
- ↑ 4,0 4,1 (en)Alaska Native Language Center, Inuit or Eskimo: Which name to use?. www.uaf.edu. www.uaf.edu/. Gekuckt de(n) 12.01.2025.