Clotilde Joano
Ausgesinn
Clotilde Joano | |
---|---|
Gebuertsnumm | Clotilde Rabinovitch |
Gebuer |
3. Januar 1932 Genf |
Gestuerwen |
23. Mäerz 1974 Milly-la-Forêt |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Schauspiller |
D'Clotilde Joano, gebuer als Clotilde Rabinovitch den 3. Januar 1932 zu Genf, a gestuerwen den 23. Mäerz 1974 zu Milly-la-Forêt, war eng franséisch Schauspillerin.
Zu Paräis huet d'Clotilde Joano Schauspillercourse beim Charles Dullin, bei der Tania Balachova a beim Michel Vitold geholl.
Ënner der Direktioun vum Roger Planchon huet si ënner anerem an den Theaterstécker Henri IV a Falstaff vum Shakespeare an a George Dandin vum Molière matgespillt.
Am Joer 1960 huet si am Kino hir éischt Roll am Film Les bonnes femmes vum Claude Chabrol gespillt. Weider interessant Filmer mat hir sinn Z (1969) vum Costa-Gavras a Le diable par la queue vum Philippe de Broca.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]- 1960: Les bonnes femmes vum Claude Chabrol mam Bernadette Lafont, Lucile Saint-Simon a Stéphane Audran
- 1960: O saisons, ô châteaux vum Agnès Varda - (Kuerzfilm)
- 1961: Amélie ou le temps d'aimer vum Michel Drach mam Marie-José Nat an Jean Sorel
- 1961: Vive Henri IV... vive l'amour ! vum Claude Autant-Lara mam Francis Claude, Danièle Gaubert a Jean Sorel
- 1962: Le mannequin de Belleville vum Jean Douchet (Kuerzfilm)
- 1962: Ton ombre est la mienne vum André Michel mam Jill Haworth
- 1964: Equinoxe vum François Martin - (Kuerzfilm)
- 1964: Aurelia ou la descente aux enfers vum Anne Dastrée - (Kuerzfilm)
- 1969: Z vum Costa-Gavras mam Yves Montand an Irene Papas
- 1969: Le diable par la queue vum Philippe de Broca mam Yves Montand a Marthe Keller
- 1969: Money-Money vum José Varela mam Jacques Charrier an Adriana Bogdan
- 1969: L'Invitata vum Vittorio de Seta mam Joanna Shimkus a Michel Piccoli
- 1973: Le mariage à la mode vum Michel Mardore mam Catherine Jourdan an Yves Beneyton
- 1973: Les noces rouges vum Claude Chabrol mam Stéphane Audran a Michel Piccoli
- 1973: Un homme libre vum Roberto Muller mam Gilbert Bécaud an Olga Georges-Picot
- 1974: Le Jeu des preuves vum Luc Béraud - (Kuerzfilm)
- 1974: L'horloger de Saint-Paul vum Bertrand Tavernier mam Philippe Noiret an Jean Rochefort
Theater (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 1957: Phèdre vum Racine, Regie: Jean Vilar, TNP
- 1959: Falstaff vum William Shakespeare, Regie: Roger Planchon, Théâtre de l'Ambigu
- 1959: Henri IV vum William Shakespeare, Regie: Roger Planchon, Théâtre de l'Ambigu
- 1961: George Dandin vum Molière, Regie: Roger Planchon, Théâtre de la Cité Villeurbanne
- 1965: Après la chute vum Arthur Miller, Regie: Luchino Visconti, Théâtre du Gymnase