Charles Dickens
Charles Dickens | |
---|---|
Gebuertsnumm | Charles John Huffam Dickens |
Pseudonym | Boz |
Gebuer |
7. Februar 1812 Landport |
Gestuerwen |
9. Juni 1870 Gads Hill Place |
Doudesursaach | intrazerebral Bluddung |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Romancier, Journalist, Dramatiker, Auteur, Kannerbuchauteur, Editeur, Prosaist, Botaniker, Novellist |
Den Charles John Huffam Dickens, gebuer de 7. Februar 1812 zu Landport bei Portsmouth, a gestuerwen den 9. Juni 1870 zu Gads Hill Place, war en englesche Schrëftsteller.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Wéinst de finanzielle Schwieegkeete vu sengem Papp huet den Charles Dickens seng Schoulausbildung missen ofbriechen a missen als Hëllefsarbechter schaffe goen.
Den Dickens gouf schliisslech Assistent bei engem Affekot, Geriichtsreporter a Parlamentsstenograf. Als Journalist vum Morning Chronicle huet den Dickens brillant Reportagen an 1836 seng Sketches by Boz (woubäi Boz dem Dickens säi Pseudonym war) geschriwwen.
An de Joren 1836/37 gouf den Dickens mat senge Pickwick Papers bekannt.
Wëll hien dacks Fortsetzungsromaner fir verschidden Zeitunge geschriwwen huet, huet hien dacks u méi Romane gläichzäiteg geschriwwen.
Sou ass ënner anerem 1838 säi weltberüümte Roman Oliver Twist an 1850 den deelweis autoibigraphische Roman David Copperfield entstanen.
Duerno gouf den Charles Dickens Editeur vun der bekannter radikal-liberaler Zeitung Daily News.
1868 huet hien de Landsëtz Gads Hill Place kaaft an huet doraus en Treffpunkt fir englesche Kënschtler gemaach.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Charles Dickens – Biller, Videoen oder Audiodateien |