Chamberwale vum 21. Oktober 1945
Bei de Chamberwale vum 21. Oktober 1945 zu Lëtzebuerg goufen 51 Deputéiert fir e Mandat vu 5 Joer an d'nationaalt Parlament, d'Chamber, gewielt[1]. D'Legislatur huet aus den uerdentleche Sessiounen 1945/46, 1946/47 an 1947/48 bestanen.
Et waren déi éischt Chamberwalen nom Enn vum Zweete Weltkrich. Fir d'Zäit tëscht der Liberatioun, am September 1944, an de Walen, hat d'Regierung eng sougenannt Assemblée consultative ageruff, an där en Deel vun den Deputéierten déi 1934 an 1937 gewielt gi waren, a Vertrieder aus der Zivilgesellschaft, absënns der Resistenz, vertruede waren. Déi hat awer keng legislativ Pouvoiren, d. h. se konnt selwer keng Gesetzer stëmmen, just d'Regierung 'beroden'.[2]
Déi véier Parteien, déi den 21. Oktober 1945 déi meescht Deputéiert kruten, hunn an der Folleg vun dëse Walen d'Regierung vun der Nationaler Unioun gestallt. Domat war séchergestallt, datt déi néideg Gesetzer, fir d'Nokrichszäit ze reegelen an z'organiséieren, an engem grousse Konsens zustane kéimen.
De 16. November 1945 ass déi nei gewielt Chamber fir d'éischt zesummekomm. Net all gewielt Kandidate konnten hiert Mandat untrieden. De Professer Fritz Schneider hat op säi Mandat verzicht, fir weider Staatsbeamte bleiwen ze kënnen; hie gouf vum Nicolas Moes ersat[3]. De Pierre Frieden, deen net méi an déi nei Regierung koum, huet am Ufank vun der Sëtzung d'Wuert ergraff, fir ze soen, datt hien op säi Mandat verzichte géif, fir erëm op seng fréier Plaz als Professer an Direkter vun der Nationalbibliothéik zeréckzegoen, an hien huet dono de Sall verlooss[4]. Am Südbezierk huet de Michel Rasquin demissionéiert; hie gouf vum Hubert Clement ersat[5].
Resultater
[änneren | Quelltext änneren]Partei | % | Sëtz | Ënnerscheed zu virdrun | |
---|---|---|---|---|
Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei | 41,41 | 25 | ||
Groupement démocratique | 16,74 | 9 | ||
Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei | 25,96 | 11 | ||
Kommunistesch Partei Lëtzebuerg | 13,49 | 5 | ||
Onofhängeg | 2,40 | 1 |
Deputéiert
[änneren | Quelltext änneren]D'Chamber huet sech aus follgenden Deputéierten zesummegesat[6]:
Numm | Mandat vun | Mandat bis | Bemierkung |
---|---|---|---|
Victor Abens | 1945 | ||
Jean-Pierre Bauer | 1945 | ||
Nicolas Biever | 1945 | ||
Tony Biever | 1945 | ||
Albert Bodson | 1948 | ||
Albert Bousser | 1945 | ||
Mathias Clemens | 1945 | ||
Hubert Clement | 1945 | 1948 | |
Emile Colling | 1945 | ||
Othon Decker | 1945 | ||
Auguste Delaporte | 1945 | ||
Gaston Diderich | 1945 | 29.04.1946 | gestuerwen den 29. Abrëll 1946 |
Aloyse Duhr | 1945 | 1948 | |
Lucien Dury | 1945 | ||
Romain Fandel | 1948 | ||
Jean Fohrmann | 1945 | ||
Ferdinand Frieden | 1945 | ||
Pierre Frieden | 1945 | 1948 | |
Pierre Gansen | 1945 | ||
Henri Gengler | 1945 | ||
Joseph Grandgenet | 1945 | ||
Pierre Grégoire | 1946-47 | nogeréckelt (spéitstens zanter der Sessioun 1946-1947) | |
Emile Hamilius | 1945 | ||
Aloyse Hentgen | 1945 | 1948 | |
Bernard Hoffmann | 1950 | ||
Nicolas Jacoby | 1945 | ||
Gustave Jacquemart | 1945 | 04.02.1950 | gestuerwen de 04.02.1950; ersat vum Bernard Hoffmann |
Pierre Jander | 1945 | 1948 | |
Camille Kasel | 1945 | ||
Adrien van Kauvenbergh | 1945 | ||
Léon Kinsch | 1945 | ||
Adolphe Klein | 1945 | 1948 | |
Jean-Pierre Kohner | 1945 | 1946-47 | |
Nicolas Kremer | 1945 | 1948 | |
Antoine Krier | 1948 | ||
Nicolas Leonardy | 1948 | ||
Fernand Loesch | 1945 | ||
Joseph Lommel | 1945 | ||
Nicolas Margue | 1948 | ||
Nicolas Mathieu | 1945 | 11.03.1946 | gestuerwen den 11. Mäerz 1946[7] |
Nicolas Moes | 1945 | ||
Denis Netgen | 1945 | ||
François Neu | 1945 | ||
Charles Peffer | 1948 | ||
Jean Peusch | 1945 | ||
Michel Rasquin | 1948 | huet 1945 op d'Mandat verzicht a gouf vum Hubert Clement ersat; war duerno, vum 6. Juni 1948 un an der Chamber | |
Emile Reuter | 1945 | ||
Jean-Baptiste Rock | 1945 | ||
Robert Schaffner | 1945 | 01.03.1947 | huet den 1.Mäerz 1947 op d'Mandat verzicht fir eng Ministeschplaz unzehuelen |
Lambert Schaus | 1945 | 29.08.1946 | huet den 29. August 1946 op d'Mandat verzicht fir eng Ministeschplaz unzehuelen |
Alphonse Schiltges | 1945 | ||
Tony Schmit | 1945 | ||
Fritz Schneider | 1945 | 1948 | huet op säi Mandat verzicht |
Nicolas Schumacher | 1945 | 1948 | |
Joseph Simon | 1945 | ||
Guillaume Speck | 1945 | ||
Jéhan Steichen | 1945 | ||
Nicolas Thill | 1945 | ||
Dominique Urbany | 1945 | 13.06.1946 | huet den 13. Juni 1946 op d'Mandat verzicht fir d'Ministeschplaz vum verstuerwene Charles Marx unzehuelen; war vun 1948 un nees Deputéierten |
Arthur Useldinger | 1945 | ||
Charles Wagner | 1946-47 | nogeréckelt (spéitstens zanter der Sessioun 1946-1947) | |
Georges Wagner | 1945 | ||
Camille Welter | 1945 | ||
Jean-Pierre Wenkin | 1945 | ||
Jean-Pierre Wilhelm | 1945 | 1948 | |
Ernest Wiltzius | 1948 | ||
Nicolas Wirtgen | 1945 | ||
Roger Wolter | 1945 |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Tageblatt an LW vum 25. a 26. Oktober 1945
- ↑ Jean-Louis Scheffen: "Vor 75 Jahren: Luxemburg im politischen Vakuum." wort.lu, 29.07.2020.
- ↑ Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 84.
- ↑ Escher Tageblatt 1945-11-17, S. 1 (Die erste Arbeitstagung der neuen Kammer)[1].
- ↑ Obermosel-Zeitung 1945-11-17, S. 3 (Kammerbericht)
- ↑ Compte rendu des travaux de la Chambre des députés du Grand-Duché de luxembourg, La composition de la Chambre des Députés depuis 1944, S. 95 /96 op chd.lu, der Websäit vun der Chamber, gekuckt den 22. Februar 2019
- ↑ Doudesannonce vum Nicolas Mathieu am Luxemburger Wort vum 13. Mäerz 1946 Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 29.03.2015.