Op den Inhalt sprangen

Carpo (Mound)

Vu Wikipedia
Carpo
(Jupiter XLVI)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2003 J 20
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 16.989.000 km
Periapsis 9.688.827 km
Apoapsis 24.289.173 km
Exzentrizitéit 0,4297
Ëmlafzäit 456,30 Deeg
Ëmlafvitess 2,59 km/s
Inklinatioun 51,395°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 3 km
Dicht 2,6 g/cm3
Gravitatioun
op der Uewerfläch
? m/s2
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 23,0
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 9. Februar 2003


De Carpo (oder Jupiter XLVI) ass ee vun de klenge Mounde vum Planéit Jupiter.

Hie gouf den 9. Februar 2003 vun den Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt a krut d'Bezeechnung S/2003 J 20. Säin offiziellen Numm Carpo krut de Mound den 30. Mäerz 2005 vun der IAU (no der Hore Carpo).

De Carpo kreest a 456 Deeg, 2 Stonnen a 24 Minutten op enger mëttlerer Distanz vu 16.989.000 km ëm de Jupiter D'Bunn huet eng grouss Exzentrizitéit vun 0,4297. De Carpo ass dee baussenzegste prograden (rechtleefege) Jupitermound, d. h. dee baussenzegste Jupitermound, deen d'selwecht wéi de Jupiter an derselwecher Richtung leeft.

Wéi den Themisto schéngt de Carpo zu kenger Grupp mat änlech Bunneegenschaften ze gehéieren, . Seng aktuell Bunnschréi vun ongeféier 51,4° géigeniwwer der Ekliptik läit iwwer dem Minimalwäert vum Kozai-Effet, genannt nom Yoshihide Kozai deen dee Phenomeen 1962 entdeckt hat. Deen Effet bewierkt e periodesche Wiessel tëscht der Exzentrizitéit an der Inklinatioun. Wann d'Inklinatioun grouss genuch ass, da kann d'Exzentrizitéit nees sou grouss ginn, datt den Himmelskierper op senger Periapsis (engsten Ofstand vum Jupiter) an d'Géigend vun de grousse galiléiesche Mounden (Io, Europa, Ganymed a Kallisto) erukënnt. Dat kéint dozou féieren, datt de Carpo irgendwa mat engem vun de grousse Mounde kollidéiert oder duerch deenen hir gravitativ Kraaft aus dem Jupitersystem geschleidert gëtt.

Physikalesch Daten

[änneren | Quelltext änneren]

De Carpo huet en Duerchmiesser vu ronn 3 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat, wann en haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut sollt sinn. Hien huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Hellegkeet ass 23,0m.

Portal Astronomie