Busan
Ausgesinn
Busan | |
---|---|
![]() | |
![]() | |
Land | Südkorea |
Vewaltungseenheet | Südkorea |
Awunner | 3.453.198 |
Juli 2018 | |
Fläch | 769,83 km² |
Héicht | 30 m |
Koordinaten | 35°10'48"N, 129°4'30"O |
Telefonszon | 51 |
Postcode | 46000 |
Websäit | https://www.busan.go.kr/ |
![]() | |
![]() | |

Busan (kor. 부산|h=釜山, fréier Schreifweisen: Pusan; Fusan) ass mat ronn 3,5 Milliounen Awunner(Stand 2018) no der Haaptstad Seoul déi zweetgréisst Stad vu Südkorea a läit um südëstlechen Enn vun der Koreanescher Hallefinsel. Et ass eng vun de féierenden Industriestied vum Land.
Am Koreakrich war Busan zesumme mat Daegu déi eenzeg wichteg Stad, déi ni vun den nordkoreaneschen Truppe besat gouf.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm Busan heescht sou vill wéi "Kesselbierg" a spillt drop un, datt ronderëm d'Stad eng Biergkette läit, bal wéi bei engem Amphitheater.
D'Stad läit un der Mëndung vum Floss Nakdonggang an de Pazifik an huet duerch seng vill Buchten e gudden natierlechen Hafen.
Eng 50 km méi südlech ass schonn déi éischt japanesch Insel.
Fotosalbum
[änneren | Quelltext änneren]-
Jung Distrikt a Youngdo Distrikt mam Hafen
-
Jung Distrikt a Seo Distrikt
-
Tëscht den Hiwwelen
-
Häipen am Staddeel Gamcheon-dong
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Busan – Biller, Videoen oder Audiodateien |