Browning GP
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Browning GP ass eng Pistoul, déi ënner Lizenz vun der belscher Firma FN Herstal gebaut ginn ass. GP steet fir Grande puissance, op net frankophone Marchéë leeft se ënner der Bezeechnung Browning HP, high power.
Dës Pistoul, déi fir d'éischt 1935 op de Maart koum, gëtt wéinst hirer grousser Fiabilitéit nach haut an enger Rei vu Länner benotzt. Ënner anerem gouf se och an der Lëtzebuerger Arméi benotzt.
D'GP ass eng Pistoul, déi nom Prinzip vum Gasréckstouss funktionéiert. Hiren Numm Grande Puissance huet se net gestuel, wéi een hei drënner gesäit.
- Kaliber: 9 mm Parabellum - dëst Kaliber duerchschléit op 15 m nach 16 cm Fiichtenholz
- Gewiicht ouni Chargeur: 900g
- Capacitéit vum Chargeur: 13 Schoss
- Schosskadenz: 26 Schoss an der Minutt
- Praktesch Schossdistanz: 50 m
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Browning GP – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Browning HP op der Websäit vu browning.com (en)