Bretonesch
Bretonesch Brezhoneg | |
---|---|
Gëtt geschwat an: | Bretagne (deelweis) |
Regioun: | Europa |
Gëtt geschwat vun: | 207.000 (2018) |
Klassement: | |
Klassifikatioun no Famill: | Indoeuropäesch
|
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun: | Bretagne |
Reglementéiert vun: | Office public de la langue bretonne |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | br |
ISO 639-2 | bre |
ISO 639-3 | bre |
Bretonesch oder d'bretonesch Sprooch (op Bretonesch: Brezhoneg, dacks ausgeschwat als: /breˈzõːnɛk/ oder /bʁeˈzõːnək/) ass eng keltesch Sprooch déi am Joer 2018 vu ronn 207.000 Leit an Deeler vun der Bretagne geschwat gouf. Déi, déi Bretonesch schwätzen, ginn op Franséisch brittophones oder bretonnants genannt.
Bretonesch ass als Regional- oder Minoritéitesprooch a Frankräich unerkannt an zielt dem Conseil régional no zënter 2004 – nieft dem Franséischen an dem Gallo – als Sprooch vun der Bretagne. D'Bretonesch gëtt vun der UNESCO als eng Sprooch klasséiert, déi eeschtlech a Gefor ass[1].
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Bretonesch gehéiert zu der Grupp vun de britannesche keltesche Sproochen an huet Verbindungen zum Waliseschen (Wales) a Korneschen (Cornwall), Sproochen déi a Groussbritannien geschwat ginn oder goufen. Se huet hiren Ursprong net an der anticker keltescher Sprooch vu Gallien, mä an der Sprooch vun de brittesche Flüchtlingen an Immigranten aus Groussbritannien, déi d'brittesch Insele virun der angelsächseger Eruewerung verlooss hunn.
Geographesch Verbreedung
[änneren | Quelltext änneren]Bretonesch gëtt an der Bretagne vun de britophone Bretone geschwat an ass déi eenzeg modern keltesch Sprooch, déi um europäesche Festland geschwat gëtt. Se ass haut nach an der d'Bretagne bretonnante, de westleche Gebidder vun der Bretagne, d. h. am Departement Finistère (Penn ar Bed) an an de westlechen Deeler vun de Côtes-d'Armor (Aodoù-an-Arvor) an dem Morbihan (Mor-bihan) verbreet.
Bretonesch Dialekter
[änneren | Quelltext änneren]Déi bretonesch Sprooch ass a véier Dialekter opgedeelt:
- Gwenedeg ((fr) vannetais) gëtt ronderëm d'Stad Vannes (Bretonesch Gwened) geschwat an ass dee bretoneschen Dialekt, deen am mannsten geschwat gëtt (nëmme 16 % vun alle Bretonen);
- Kerneveg ((fr) cornouaillais) gëtt ronderëm d'Stad Quimper (Bretonesch Kemper) geschwat an ass dee bretoneschen Dialekt, deen am meeschte geschwat (41 % vun allen déi bretonesch schwätzen). Kerneveg huet déi enkst Verbindung mam Korneschen, der Sprooch, déi am Cornwall, op der anerer Säit vum Äermelkanal ausgestuerwen ass;
- Leoneg ((fr) léonard) gëtt am Pays de Léon (Bretonesch Bro Leon), am nërdlechen Deel vum Finistère geschwat. E läit mat 24,5 % op der zweeter Plaz vun de bretoneschen Dialekter;
- Tregerieg ((fr) trégor(r)ois) gëtt ronderëm Tréguier (Bretonesch Landreger) vun 18 % vun de bretonesche Spriecher gebraucht.
Schreifweis an Aussprooch
[änneren | Quelltext änneren]Bretonescht Alphabet
[änneren | Quelltext änneren]Grammaire
[änneren | Quelltext änneren]Textbeispill
[änneren | Quelltext änneren]Bretonesch[2] | Lëtzebuergesch |
---|---|
Dieub ha par en o dellezegezh hag o gwirioù eo ganet an holl dud. Poell ha skiant zo dezho ha dleout a reont bevañ an eil gant egile en ur spered a genvreudeuriezh. | All Mënsch kënnt fräi a mat der selwechter Dignitéit an deene selwechte Rechter op d'Welt. Jiddereen huet säi Verstand a säi Gewësse krut a soll an engem Geescht vu Bridderlechkeet deenen anere géintiwwer handelen. |
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bretonesch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Atlas des Langues en danger dans le monde (ISBN 978-92-3-204096-1). unesdoc.unesco.org (2010). Gekuckt de(n) 21.11.2024.
- ↑ Diffusion Multilingue des Droits de l'Homme, France, Universal Declaration of Human Rights. www.ohchr.org. Gekuckt de(n) 22.11.2024.