Andreaskräiz
D'Andreaskräiz ass e Kräiz dat sech aus zwou Dunnen zesummesetzt, déi sech diagonal kräizen. Et gläicht dem Buschtaf X, de Chi am griicheschen Alphabeth.
Den Numm huet et vum Apostel Änder deen der Traditioun no op sou engem Kräiz higeriicht gouf.
Andreaskräiz am Bau
[änneren | Quelltext änneren]D'Andreaskräiz gehéiert zu der Basis vun de Fachwierkskonstruktiounen, a gëtt do och dacks gebraucht fir ze verschéineren.
Andreaskräiz als Geforesymbol
[änneren | Quelltext änneren]An der Chimie gëtt d'Andreaskräiz als Geforesymbol gebraucht fir Produkter déi reizen (Xi), a fir där déi gesondheetschiedlech sinn (Xn).
Andreaskräiz op Fändelen a Wopen
[änneren | Quelltext änneren]Et ass op ville Wopen a Fändelen erëmzefannen. Mat dee bekanntsten ass de Fändel vu Schottland, dat en dann och am Fändel vu Groussbritannien erëm fënnt, an an all de Fändelen déi dovun ofgeleet si wéi z. B. de Fändel vun Australien an de Fändel vun Néiséiland.
-
Andreaskräiz am Fändel vu Jersey
-
Andreaskräiz am Fändel vun Neiséiland
-
Andreaskräiz am Fändel vu Schottland
Andreaskräiz als Verkéierszeechen, an an de Verkéierszeechen
[änneren | Quelltext änneren]Am lëtzebuergesche Code de la Route fënnt een d'Andreaskräiz op follgende Schëlter.
- Um Schëld fir Stallhalverbuet, Schëld C, 19
- Viru Barriären, als Schëld B, 7a a Schëld B, 7b
- Um Schëld dat eng riets Virfaart uweist, Schëld A, 23
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Andreaskräizer – Biller, Videoen oder Audiodateien |